Bréck vun Tancarville

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pont de Tancarville
PontTancarville mod1.jpg
Informatiounen
Land Frankräich
Stad Tancarville- Marais-Vernier
Geographesch Laag 49° 28' 21.81" N
0° 27' 52.59" O
Längt 1.420 m.
Breet 12,50 m.
Héicht 123 m.
Archtitekten &
Ingenieuren
M. Lagrange, N. Esquillan,
M. Huet, F. Robinson
Typ Hänkbréck
Material Stol / Bëtong
Tablier Gitterträger Typ Warren
Baujoer 1955 - 1959
Kategorien
Brécken a Frankräich Hänkbrécken

D'Bréck vun Tancarville ass eng Hänkbréck déi tëschent Tancarville an der Seine-Maritime a Marais-Vernier an der Eure iwwer d'Seine geet.

D'Iddi fir d'Bréck ze baue war schonns 1933 opkomm, si gouf awer eréischt tëscht 1955 an 1959 realiséiert. Et war déizäit déi Bréck déi am noste bei der Mündung vun der Seine louch. Zënter e puer Joer ass d'Normandie-Bréck bei Honfleur dëst.

Wéi se 1959 gebaut gouf war si, mat enger Haaptdrowäit vu 608 Meter, déi gréissten an Europa.

Bréck vun Tancarville vu lénks gesinn.