Bréck vun Targnon

Vu Wikipedia
D'Bréck vun Targnon

D'Bréck vun Targnon ass eng Eisebunnsbréck op der Streck Rivage-Gouvy um Kilometerpunkt 41,86 [1] nordwestlech vun der klenger Uertschaft Targnon.

Ënner der Bréck féiert d'N 645 erduerch. Et ass eng Boubréck aus arméiertem Bëtong déi op de baussenzege Facë mat Hasteng aus der Géigend agekleet ass. De Bou huet um Niveau vun der Strooss ronn 15 Meter, an den Tablier huet der 20.


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Streck ass vum Y vun Angleur aus kilometréiert dofir kënnen hei Differenzen am Kilometrage vis-à-vis vun anere Websäiten, déi dacks e Kilometrage vu Rivage uginn, deen awer net sou op der Streck renséignéiert ass