Bréck vun der A13 zu Schëffleng

Vu Wikipedia

D'Bréck vun der A13 zu Schëffleng ass eng Autobunnsbréck vun der lëtzebuergescher Autobunn A13 tëscht Schëffleng an Näerzeng. Bei der Bauverwaltung huet se d'Bezeechnung Ouvrage d'Art N° 43

Et ass eng Boubréck (Bowstring) mat dem Bou iwwer der Fuerbunn a si gouf 1994 a Betrib geholl.

Den Architekt ass de René Greisch an d'Conceptioun vun der Bréck gouf och vu sengem Bureau d'Études gemaach.

D'Bëtongsaarbechte goufe vun der Tralux ausgefouert.

D'Bréck huet eng Totallängt vun 171,9 Meter an d'Feldwäite sinn 29.2 m - 113.5 m - 29.2 m

D'Bréck geet iwwer den CR168 an d'Eisebunnslinn 6 vum CFL.

Bréck vun der A13 zu Schëffleng