Bréisseler Metro
De Bréisseler Metro existéiert zënter 1976. Dëse Metrosystem besteet aktuell aus 4 Linnen. De Prinzip beim Plangen a Baue bestoung doranner, den Tram, deen zu Bréissel wäit developpéiert ass, kontinuéierlech an Tunnellen ze verleeën an duerch de Metro ze ersetzen. Well den urspréngleche Projet sech als ze vill ambitiéis erausgestallt huet, gouf d'Metroslinn Grande Ceinture ni fäerdeg. Well d'Aarbechten awer scho ugefaangen haten, fuere verschidden Tramsstrecken duerch d'Metrostunnelen. Déi ginn an deem Kontext Premetro genannt.
Inhaltsverzeechnes |
Linnen [änneren]
Strecken [änneren]
| Linn | Faarf | Streck (franséisch / hollännesch) | Opgaangen | Längt | Garen |
|---|---|---|---|---|---|
| Linn 1 | Gare de l'Ouest–Stockel / Weststation–Stokkel | 2009 | 12,5 km | 21 | |
| Linn 2 | Simonis (Leopold II)–Simonis (Elisabeth) / Simonis (Leopold II)–Simonis (Elisabeth) | 1988/2009 | 10,3 km | 19 | |
| Linn 5 | Erasme–Herrmann-Debroux / Erasmus–Herrmann-Debroux | 2009 | 17,3 km | 28 | |
| Linn 6 | Roi Baudouin–Simonis (Elisabeth) / Koning Boudewijn–Simonis (Elisabeth) | 2009 | 15,5 km | 26 |
Statiounen [änneren]
De Bréisseler Metro huet am Ganzen 59 Statiounen, wouvunner déi meescht ënnerierdesch sinn. Duerch déi Bréisseler Zweesproochegkeet hunn eng ettlech Statiounen en hollänneschen an e franséischen Numm.
Geschicht [änneren]
Déi éischt Pläng fir e Metro zu Bréissel gi bis op 1892 zréck. Vill verschidde Strecke goufe proposéiert mä ni vun der Bevëlkerung oder der Verwaltung akzeptéiert. Eréischt an den 1950er Jore gouf et konkret an déi éischt Tunnele goufe gebaut. Vun 1976 u fiert dunn endlech offiziell e Metro zu Bréissel.
Linn 1 [änneren]
D'Aarbechte fir déi Streck hunn 1965 ugefaang an 1969 sinn déi éischt Trammen ënnerierdesch gefuer. Eréischt 1976 gëtt d'Streck De Brouckère – Tomberg/Beaulieu eng richteg Metroslinn. D'Linn gouf kontinuéierlech erweidert an zënterhier 1A an 1B genannt. No der leschter Erweiderung huet sech d'Streck 1A vun Hermann-Debroux bis op Roi Badouin an d'Streck 1B vu Stockel bis op Érasme erstreckt. Insgesamt hunn déi zwou Strecken eng gemeinsam Streckeféierung tëscht de Statiounen Mérode a Beekkant. Mat der Reorganisatioun vum Bréisseler Metrosnetz, am Abrëll 2009, verbënnt d'Linn 1 d'Statioune Gare de l'Ouest a Stockel.
Linn 2 [änneren]
D'Linn 2 ass eng Linn déi e Krees ëm den Zentrum vun Bréissel bildt. E verleeft gréisstendeels op der Streck vun der Petite Ceinture. Deen éischten Deel vun der Streck gouf 1970 ageweit. De Krees gouf de 4. Abrëll 2009 zougemaach.
Linnen 5 a 6 [änneren]
D'Linne 5 a 6 existéieren eréischt zënter dem 4. Abrëll 2009 mat der Reorganisatioun vum Bréisseler Metrosnetz. D'Linn 5 verleeft vun Hermann-Debroux bis op Érasme. D'Linn 6 verleeft gréisstendeels iwwer d'Streck vun der Linn 2, mä zu Simonis fiert se da virun bis op Roi Badouin. Hir Nummeréierung kënnt dohier, well d'Streckeféierung, vereinfacht gekuckt, un eng "6" erënnert.
Linnen 3 a 4 [änneren]
Nieft de 4 Metroslinne gëtt et nach 2 performant Tramslinnen zu Bréissel, déi zum Deel och ënnerierdesch fueren. Dës 2 Linnen, mat der Bezechnung Chrono, verlafe vertikal duerch den Zentrum vu Bréissel. Zesumme mat de Metroslinne stellen se déi wichtegst Strecke vum STIB-Reseau.
Datumen op deenen d'Linnen a Betrib goungen [änneren]
| Datum | Linnen | Streck (franséisch / hollännesch) |
|---|---|---|
| 20. September 1976 | 1A/1B | De Brouckère–Merode / De Brouckère–Merode |
| 20. September 1976 | 1A | Merode–Beaulieu / Merode–Beaulieu |
| 20. September 1976 | 1B | Merode–Tomberg / Merode–Tomberg |
| 13. Abrëll 1977 | 1A/1B | De Brouckère–Sainte-Catherine / De Brouckère–Sint-Katelijne |
| 17. Juni 1977 | 1A | Beaulieu–Demey / Beaulieu–Demey |
| 8. Mee 1981 | 1A/1B | Sainte-Catherine–Beekkant / Sint-Katelijne–Beekkant |
| 7. Mee 1982 | 1B | Tomberg–Alma / Tomberg–Alma |
| 6. Oktober 1982 | 1A | Beekkant–Bockstael / Beekkant–Bockstael |
| 6. Oktober 1982 | 1B | Beekkant–Saint-Guidon / Beekkant–Sint-Guido |
| 23. Mäerz 1985 | 1A | Demey–Herrmann Debroux / Demey–Herrmann Debroux |
| 10. Mee 1985 | 1A | Bockstael–Heysel / Bockstael–Heizel |
| 5. Juli 1985 | 1B | Saint-Guidon–Veeweyde / Sint-Guido–Veeweide |
| 31. August 1988 | 1B | Alma–Stockel / Alma–Stokkel |
| 2. Oktober 1988 | 2 | Simonis–Gare du Midi / Simonis–Zuidstation |
| 10. Januar 1992 | 1B | Veeweyde–Bizet / Veeweide–Bizet |
| 18. Juni 1993 | 2 | Gare du Midi–Clemenceau / Zuidstation–Clemenceau |
| 25. August 1998 | 1A | Heysel–Roi Baudouin / Heizel–Koning Boudewijn |
| 15. September 2003 | 1B | Bizet–Erasme / Bizet–Erasmus |
| 4. September 2006 | 2 | Clemenceau–Delacroix / Clemenceau–Delacroix |
| 4. Abrëll 2009 | 2 a 6 | Delacroix-Gare de l'Ouest / Gare de l'Ouest–Delacroix |
Material [änneren]
D'Metroen zu Bréissel bestinn aus 2 verschidde Modeller: deenen alen U5 an deenen neie BOAen, déi déi al U5 solle lues a lues ersetzen.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Bréisseler Metro – Biller, Videoen oder Audiodateien |