Bréisseler Tram

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
En T 3000 op der Linn 4

De Bréisseler Tram besteet zanter 1869 a gëtt zanter 1894 elektresch bedriwwen. De Reseau ass zimmlech dicht an huet 20 Linnen.

D'Exploitatioun gëtt vun der STIB gemaach.

Linnen[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt aktuell follgend Linnen: Linn 3 - Linn 4 - Linn 7 - Linn 8 - Linn 9 - Linn 19 - Linn 25 - Linn 31 - Linn 32 - Linn 33 - Linn 34 - Linn 39 - Linn 44 - Linn 51 - Linn 55 - Linn 81 - Linn 82 - Linn 83 - Linn 92 - Linn 93 - Linn 97

Material[änneren | Quelltext änneren]

D'STIB benotzt 6 verschidden Tramsmodeller:

PCC 7000/7100[änneren | Quelltext änneren]

D'PCC 7000/7100 sinn déi eelst Trammen déi um Reseau lafen. Si hunn nëmmen ee Führerposten an déi 4 Diere sinn op enger Säit, wat hiert Benotzen zimmlech aschränkt. Déi éischt goufen 1951 geliwwert a bis 1971 hat d'STIB een Total vun 172 Maschinne bestallt. An der Tëschenzäit sinn der nëmmen nach ronn 20 op der Streck vun de Linnen 39 a 44 am Asaz.

PCC 7700/7800[änneren | Quelltext änneren]

D'PCC 7700/7800 sinn 21,16 m laang an 1972 goufen 30 Stéck geliwwert. Et war eng grouss Erweiderung fir d'STIB well se Dieren op den 2 Säiten hunn, an eng Chauffersplaz op all Kapp. An der Tëschzäit huet d'STIB 127 Unitéite vun deem Modell.

PCC 7900[änneren | Quelltext änneren]

D'PCC 7900 sinn déi verlängert Versioun vun de PCC 7700/7800 mat enger Längt vu 27,86 m. Tëscht 1977 an 1978 goufen 61 Stéck geliwwert.

T 2000[änneren | Quelltext änneren]

D'T 2000 stellen eng grouss Verbesserung duer. Et sinn déi éischt Trammen zu Bréissel déi et erlaben op Quaihéicht eranzeklammen, wat och den Accès fir Rullstill erméiglecht. Tëscht 1993 an 1995 goufen 51 Stéck geliwwert.

T 3000 an T 4000[änneren | Quelltext änneren]

Et sinn déi neist Trammen am Bréisseler Reseau. D'T 3000 hunn eng Längt vun 32 m an d'T 4000 hunn eng Längt vun 43 m. Dës modern Tramme solle virun allem dem méi héije Verkéiersopkomme gerecht ginn an zugläich déi al PCC lues a lues ersetzen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trams in Brussels – Biller, Videoen oder Audiodateien