Brídín Brennan

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Brídín Brennan

D'Brídín Brennan, gebuer de 17. Mee 1974 zu Gweedore, County Donegal, Irland, ass eng iresch Sängerin an déi jéngst aus der Brennan Famill, déi der Musekwelt schonn d'Grupp Clannad souwéi d'Solokënschtler Máire Brennan an Enya ginn huet.

D'Brídín huet an den 1990er Joren als Hannergrondsängerin bei Clannad matgemaach, mä sech duerno vun der Musek zréckgezunn an un der Receptioun vum Prominentecoiffer Charles Worthington geschafft. Eréischt d'Offerte vum engem Frënd fir d'Leedstëmm bei zwee Lidder z'iwwerhuelen huet se erëm op de Goût bruecht. 2005 huet si eng Solocarrière ugefaangen an den Album "Eyes Of Innocence" erausbruecht.

Hire Stil ënnerscheet sech nëmme liicht vun deem vun hiren aacht Geschwëster an ass am beschten als "rouege gesatene Pop" ze beschreiwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]