Brad Pitt

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps aktion.png Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Brad Pitt am August 2008

De Brad Pitt, gebuer den 18. Dezember 1963 als William Bradley Pitt zu Shawnee am Oklahoma, ass en US-amerikanesche Schauspiller a Filmproduzent.

Den internationalen Duerchbroch ass ëm 1994 gelonge mat der Haaptroll am Film Interview with the Vampire. Aner fréi Erfolleger hat en als Psychopath an Twelve Monkeys (1995) an als eng Hallschent vum Tyler Durden a Fight Club (1999).

Vun 2000 bis 2005 war e mat der Friends-Schauspillerin Jennifer Aniston bestuet. Am Joer vu senger Scheedung huet e bei Dréiaarbechte vu Mr. & Mrs. Smith seng deemoleg Filmpartnerin Angelina Jolie besser kennegeléiert. D'Koppel, vun der Boulevardpress dacks als "Brangelina" bezeechent, huet zesumme sechs Kanner, dräi eegen an dräi adoptéierter.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brad Pitt – Biller, Videoen oder Audiodateien