Breedekrees
Breedekreesser sinn déi Kreesser déi op der (idealiséierter) Äerduewerfläch mat konstanter geographescher Breet β, parallel zu der Equatorfläch an Ost-West-Richtung verlafen. E Synonym zum „Breedekrees“ ass déi an der Navigatiounsléier zäitgeméiss Bezeechnung „Breedeparallel“.
Während déi zu de Breedekreesser senkrecht verlafend Längekreesser alleguer Grousskreesser sinn, sinn d'Breedekreesser am Allgemengen Klengkreesser – bis op den Equator, deen als den Null-Breedegrad d'Äerd an eng nërdlech an eng südlech Hemisphär deelt. Weider besonnesch Breedekreesser sinn d'Wendekreesser an d'Polarkreesser, déi hir Bedeitung fir de Sonnestand am Verlaf vun de Joreszäiten duerch d'Schréigt vun der Ekliptik kréien. Och d'Definitioun vun de Klimazone bezitt sech op bestëmmte Breedekreesser.
Den Ofstand tëscht zwéi Breedekreesser mat engem Breedenënnerscheed vun engem Grad huet an der Moyenne ronn 111 km, ass awer wéinst der Äerdofplattung an der Equatorgéigend méi kleng wéi an héijen nërdlechen a südleche Breeden. Een ähnleche Feeler hätt d'Berechnung vun der Breedekreeslängt als 2πR•cos β mat konstantem Äerdradius R.
[änneren] Breedekreesser als Grenzen
Breedekreesser ginn dacks als Grenz tëschent Länner oder Regioune benotzt, virun allem an Nordamerika.
- 49 Grad Nord: Deel vun der Grenz tëschent den USA (S) a Kanada (N)
- 45 Grad Nord: Grenz tëschent Vermont (S) a Kanada (N), Grenz tëschent Wyoming (S) a Montana (N)
- 42 Grad Nord: Grenz tëschent Kalifornien (S) an Oregon (N), Deel vun der Grenz tëschent Pennsylvania (S) a New York (N)
- 41 Grad Nord: Deel vun der Grenz tëschent Colorado, Utah (S), Wyoming a Nebraska (N)
- 40 Grad Nord: Grenze tëschent Nebraska (N) a Kansas (S)
- 38 Grad Nord: Grenz tëschent Nord- a Südkorea am Joer 1945
- 37 Grad Nord: Grenz tëschent Utah, Colorado a Kansas (N) souwéi Arizona, New Mexico an Oklahoma (S)
- 36 Grad 30' Nord: Grenz tëschent de Sklavestaaten am Süden an de Staate mat Sklavereiverbuet am Norde vun den USA
- 35 Grad Nord: Grenz tëschent Tennessee (N) souwéi Mississippi, Alabama a Georgia (S)
- 32 Grad Nord: Deel vun der Grenz tëschent New Mexico (N) an Texas (S)
- 26 Grad Süd: Deel vun der Grenz tëschent South Australia (S) souwéi Northern Territory a Queensland (N)