Breinigerberg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bléck vum Schlangenberg op Breinigerberg

Breinigerberg ass ee vun de 17 Staddeeler vu Stolberg am nordrhein-westfälesche Krees Oochen, mat 971 Awunner (Stand 31. Dezember 2005). De Staddeel heescht am Volleksmond Balkan.

D'L 12 verbënnt d'Uertschaft mat Breinig dat am Weste läit, a mat der Kräizung Nachtigällchen am Osten .

Am Oste vu Breinigerberg läit de Stolberger Stadbësch, an d' Naturschutzgebitt Schlangenberg, mat der fréierer Minière Breinigerberg. Nërdlich vun Breinigerberg leien aner Naturschutzgebidder.

D'Uertschaft huet zwéi Sportsterrainen, déi vum lokale Sportsveräin "FC Breinigerberg" benotzt ginn. Am Gebai vun der fréierer Haaptschoul, déi 1988 zougemaach gouf, ass de Jugendclub Remember ënnerbruecht. Et gëtt do och e Karnevals-, e Schëtzen- an en Hunneveräin, déi all Joer d'Hunnekiirmes an e Schéissfest organiséieren.

[änneren] Um Spaweck

Säit: www.breinigerberg.de

Commons: Breinigerberg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen