Brendan Behan

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Behan am Joer 1960

De Brendan Francis Aidan Behan gebuer den 9. Februar 1923 zu Dublin, an och do den 20. Mäerz 1964 gestuerwen, war Schrëftsteller, Journalist, IRA-Aktivist an ee vun deene bedeitendsten ireschen Dramatiker vum 20. Joerhonnert. Hien huet op Englesch an op Gälesch geschriwwen.

De Rebell[änneren | Quelltext änneren]

Dem Brendan Behan säi Liewe war kuerz, rosen an intensiv. Hie war de Jong vum Usträicher a Gewerkschaftsaktivist Stephen Behan a senger Fra Kathleen Kearney. En hat zwéin eeler Hallefbridder, dräi Bridder, déi méi jonk ware wéi hien, an eng Sëschter. Wéi de Brendan op d'Welt koum, souz säi Papp am Prisong, well e fir d'IRA geschafft hat. D'Famill Behan, aarm awer gebilt, huet um Rand vum engem Slumquartier gewunnt.

Vun 1939 bis 1947 souz de Brendan Behan bal déi ganzen Zäit am Prisong.

Am Alter vun 13 Joer ass en aus der Schoul gaangen, mat 16 Joer huet en der IRA gehollef, Sprengstoffuschléi an England z'organiséieren. Mä ier et zu eppes Eeschtes koum, gouf hien 1939 zu Liverpool gepëtzt an zu dräi Joer Jugendprisong veruerteelt. Déi zwee Joer, déi en do verbruecht huet, fanne mer spéider a sengem autobiographesche Roman Borstal Boy erëm.

Kuerz nodeem hien 1941 entlooss gouf, soll en 1942 bei zwéi Polizistemuerden dobäi gewiescht sinn. Hie gëtt fir d'éischt am Dubliner Mountjoy-Prisong, am Arbour Hill an duerno am schlëmmen Internéierungslager Curragh agespaart. D'Uerteel war 14 Joer, mä wéinst enger Generalamnestie koum e schonn 1946 eraus.

Spéider ass de Behan nach e puer Mol an de Prisong komm wéinst Hëllef zur Flucht, Randaléieren a wéinst dem Alkohol, sengem gréisste Problem. Och déi Zäit léisst sech noliesen a sengem Confessions of an Irish Rebel ("Bekenntnisse eines irischen Rebellen"). Mam Häerz houng de Brendan Behan um lénkse Flillek vun der IRA, um Sozialismus. Zur selwechter Zäit war hien och e frommen, praktizéirende Katholik.

De Schrëftsteller[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem de Behan aus dem Prisong entlooss war, huet hien eng Zäitchen als Usträicher geschafft. Awer schonn am Mountjoy-Prisong hat en ugefaange mat schreiwen.

De literareschen Ufank[änneren | Quelltext änneren]

Säin éischt Stéck The Landlady a Kuerzgeschichten hat en am Prisong geschriwwen. E puer dovu goufe vun der Literaturzäitschrëft The Bell gedréckt. Nodeem en 1947 zu Manchester nach eng Kéier agesat gi war, gouf hien op e Schëff fir a Frankräich gesat. Zu Paräis gouf de Behan ënner anerem vum Samuel Beckett a vum Albert Camus encouragéiert fir ze schreiwen, an hien huet alles geschriwwen, wat Geld abruecht huet.

De literareschen Duerchbroch[änneren | Quelltext änneren]

Dat fréit Enn[änneren | Quelltext änneren]

De Brendan Behan hat ni geléiert mat sengem Succés eens ze ginn, en hat zuguer Angscht dowéinst. D'Suen, déi hie mat senge Stécker verdéngt huet, ass dee gréissten Deel hanner de Comptoir gaangen. Hien huet zuguer net mam Alkohol opgehalen, wéi e vun 1956 un huet misse Medikamenter wéinst sengem Diabetes huelen.

Duerch seng iwwerspaante Liewensweis koum e bal net méi zum Schreiwen. Seng lescht Wierker huet en op Tounband diktéiert, sou zum Beispill Brendan Behan's Island, Brendan Behan's New York, Confessions of an Irish Rebel a säi Krimi, The Scarperer (däitsch: Der Spanner, dee postum erauskoum. D'selwecht war et mat sengem leschten Theaterstéck Richard's Cork Leg (deutsch: Richards Korkbein), dat zwar op engem Kierfecht spillt, awer vu Fréilechkeet iwwerschaimt.

Duerch den Alkohol an den Diabetes aus dem Liewe gehäit, ass de Behan 1964 mat 41 Joer am Dubliner Meath-Spidol gestuerwen. Déi iresch Dageszeitung Daily Express huet dat an engem Noruff sou beschriwwen: Ze vill jonk fir ze stierwen, awer ze vill besoff fir ze liewen. d'IRA huet bei sengem Begriefnes eng Eéirendelegatioun gestallt.

De Behan läit um Glasnevin Cemetery begruewen, deem gréisste kathoulesche Kierfecht zu Dublin, net wäit ewech vum Christy Brown, dem Auteur vun My Left Foot an dem Michael Collins, deem éischten international unerkannten ireschen Regierungschef.

Seng Famill[änneren | Quelltext änneren]

Dem Behan säi Monni, de Peader Kearney ass den Auteur vun der irescheer Nationalhymn, dem Amhrán na bhFiann, op Englesch Soldier's Song. En anere Monni, de P. J. Bourke war Intendant vum Dubliner Queens Theatre, an ee vun dem Bourke senge Jonge war den Dramatiker Seamus de Burca, deem säin englesche Numm James Bourke ass.

1955 gouf de Brendon Behan mat der Molerin Beatrice Ffrench-Salked bestuet.

Dem Behan seng literaresch Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Engleschsproocheg Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Behan - The Complete Plays, London 1978 (The Hostage, The Quare Fellow, Richard's Cork Leg an déi dräi Eenakter Moving Out, A Garden Party und The Big House
  • The Letters of Brendan Behan London, 1992

Däitschsproocheg Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Geisel und andere Stücke, Berlin 1977 (mam Der Spaßvogel und Richards Korkbein)
  • Borstal Boy, Frankfurt am Main, 1980
  • Bekenntnisse eines irischen Rebellen, Frankfurt am Main, 1981
  • Der Spanner, Frankfurt am Main, 1984
  • Das gleiche nochmal! Romanfragment und 14 Streiflichter, Hamburg 1991

Zitater[änneren | Quelltext änneren]

  • Gott soll Iech seenen, Schwëster. All är Jonge solle Bëschof ginn. zu enger Nonn, déi him um Stierwesbett eng Schlupp Whisky refuséiert huet.
Commons: Brendan Behan – Biller, Videoen oder Audiodateien