Brian A. Skiff

Vu Wikipedia
Brian A. Skiff
Gebuer 20. Joerhonnert
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom

De Brian A. Skiff ass en US-amerikaneschen Astronom. De Skiff ass zanter 1976 Mataarbechter vum Lowell-Observatoire, wou hie virun allem um LONEOS-Projet matschafft. Am Kader vun dësem Projet war et him 2003 gelongen, dee jorelaang verluerenen Asteroid (69230) Hermes zeréck z'entdecken.

Am Laf vu senger Aarbecht hat de Brian Skiff, deelweis zesumme mam Norman G. Thomas, 58 Asteroiden entdeckt, wéi z. B. den Trojaner (15398) 1997 UZ23. Doriwwer eraus hat hien deelweis mat Kolleegen, och en ettlech Koméiten entdeckt, dorënner d'periodesch Koméiten 114P/Wiseman-Skiff an 140P/Bowell-Skiff.

Als Unerkennung fir seng Leeschtung gouf den Asteroid (2554) Skiff no him genannt.

Nieft senger berufflecher Karriär spillt de Brian Skiff Volleyball an der „Mars Hill Summer Volleyball“ Grupp.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]