Brian Cowen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Brian Cowen

De Brian Cowen, gebuer den 10. Januar 1960 zu Tullamore, ass en Iresche Politiker; Member vun der Partei Fianna Fáil. Hie war vum 7. Mee 2008 bis den 9. Mäerz 2011 Taoiseach (Ministerpresident) vun Irland.

De Cowen ass zanter 1984 Member vum Dáil Éireann, der Ënneschter Chamber vum iresche Parlement (Oireachtas). Zanter 1992 hat de Cowen verschidde Ministeschposten, dorënner dee vum Ausseminister an dee vun de Finanzen. Ier e Premierminister gouf, war e bal ee Joer laang Vizepremier.

Commons: Brian Cowen – Biller, Videoen oder Audiodateien