Brian Marsden
De Brian Geoffrey Marsden, gebuer de 5. August 1937 zu Cambridge, England a gestuerwen den 18. November 2010 zu Burlington am Massachusetts war e briteschen Astronom, deen an den USA gelieft a geschafft huet. Hie war um Smithsonian Astrophysical Observatory zu Cambridge beschäftegt an an de Jore vun 1978 bis 2006 Direkter vum Minor Planet Center.
Inhaltsverzeechnes |
Liewen[änneren]
De Marsden huet Astronomie op der Universitéit Oxford studéiert a spéider och op der Yale University. Hie war Expert op de Gebidder vun der Himmelsmechanik an der Astrometrie an hat sech spezialiséiert op Berechnunge vun Ëmlafbunne vun Asteroide an Koméite, bei deenen nëmme wéineg Observatiounsdate virlouchen, souwéi op de Bestëmmunge vu Bunnofwäichungen. Fir de Pluto hat hien en Duebelstatus als Planéit an Asteroid (10000) virgeschloen
Sengen Aarbechten ass ze verdanken, datt "verluere" Koméite an Klengplanéite nees erëmfonnt goufen. Besonnesch bei Koméite kann en Zeréckfannen schwiereg sinn, well sech hir Bunn niewen gravitative Stéierunge duerch aner Himmelskierper och duerch netgravitativer Effete (Réckstousseffet duerch den Ausstouss vu Jets) verännere kann. De Marsden hat fir 1992 de verluerene periodesche Koméit Swift-Tuttle viraus gesot, wat och tatsächlech geschitt war. Seng Berechnunge haten ausserdeem gewisen, datt de Koméit Shoemaker-Levy 9 op de Planéit Jupiter stierze wäert. Hien hat och d'Bunnen vun de Kreutz-Grupp-Koméite ënnersicht an hat gewisen, datt hir Memberen an zwou Ënnergruppen opgedeelt kënne ginn.
Onofhängeg vum Nikolai Stepanowitsch Tschernych entdeckt de Marsden den 28. August 1982 den Asteroid (37556) Svyaztie.
Am August 2006 goung hien zesummen mam Pluto als Planéit an d'Pensioun.
Fir seng Leeschtungen gouf de Marsden méifach un der American Astronomical Society ausgezeechent.
Nom Brian Marsden gouf den Asteroid (1877) Marsden genannt.
Publikatiounen[änneren]
- Brian G. Marsden, Z. Sekanina, D. K. Yeomans: Comets and nongravitational forces. V.; Astronomical Journal Volume 78, Nr. 2, März 1973; (online)
- Brian G. Marsden: Catalogue of cometary orbits; Minor Planet Center Cambridge Mas.; 7. ergänzte Auflage 1992; ASIN B0006DIVAM
- Jane Luu, Brian G. Marsden, David Jewitt, Chadwick A. Trujillo, Carl W. Hergenrother, Jun Chen, Warren B. Offutt: A new dynamical class of object in the outer Solar System; Nature ,Volume 387, 5. Juni 1997 (online)
Literatur[änneren]
- Dennis Hevesi: Brian Marsden, Tracker of Comets, Dies at 73. In: The New York Times, 23. November 2010.
Um Spaweck[änneren]
- Biographie vum Brian Marsden op minorplanetcenter.net
- Brian G. Marsden (1937–2010) auf skyandtelescope.com