Briatico

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Briatico
Wopen
Briatico (Italien)
Briatico
Land: Flag of Italy.svg Italien
Regioun: Flag of Calabria.svg Kalabrien
Provënz: Vibo Valentia (VV)
Koordinaten: 38° 44′ N, 16° 2′ O38.72527777777816.03222222222251Koordinaten: 38° 43′ 31″ N, 16° 1′ 56″ O
Fläch: 27,76 km²
Awunner: 4.111 (31. Dez. 2010)
Bevëlkerungsdicht: 148 Aw./km²
Héicht: 51 m
ISTAT-Nummer: 102003

Briatico ass eng süditalienesch Gemeng an der Provënz Vibo Valentia a Kalabrien. Si läit 17 km nordwestlech vu Vibo Valentia am Golf vu Sant’ Eufemia.

D'Gemeng besteet aus de Fraktioune (frazione) Conidoni, Mandaradoni, Paradisoni, Potenzoni, San Costantino, San Leo a Sciconi.

[änneren] Nopeschgemengen

Cessaniti, Vibo Valentia, Zaccanopoli, Zambrone, Zungri.

[änneren] Kuckenswäertes

Vum alen Duerf Briatico Vecchio, dat de 5. Februar 1783 bei engem Äerdbiewen zerstéiert gouf, kann een nach e puer Iwwerreschter gesinn, dorënner och d'Ruine vun der mëttelalterlecher Buerg.

Um Strand gëtt et nach zwee vun de fréier fënnef Tierm vum antitierkesche Verdeedegungssystem:

  • La Rocchetta, en héijen Tuerm deen ursprénglech vun de Griiche gebaut, vun de Réimer erëm opgebaut an am Mëttelalter ëmgebaut gouf
  • Torre Sant'Irene, en Tuerm aus dem 16. Joerhonnert

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen