Britesch Joffereninselen
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| British Virgin Islands | |||||
|
|||||
| National Devise: The Land, The People, The Light (engl. „D'Land, d'Vollek, d'Liicht“) |
|||||
| Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||
| Haaptstad: | Road Town | ||||
| Staatsform: | Britescht Iwwerséigebitt | ||||
| • Landeschef: | Elisabeth II. Gouverneur: David Pearey |
||||
| • Regierungschef: | Ralph T. O’Neal | ||||
| Fläch: | 17 098 242 [1] km² | ||||
| Bevëlkerung: | 23.098 (Quell: CIA 2006) | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 148/km² | ||||
| Nationalhymn: | God Save the Queen | ||||
| Währung: | US-Dollar (USD) | ||||
| Zäitzon: | UTC UTC -4 | ||||
| Internet TLD: | .vg | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+1 (284) | ||||
D'Britesch Joffereninselen (engl. the British Virgin Islands) sinn eng Inselgrupp vu de klengen Antillen an der Karibik, a leie ronn 100 km ëstlich vu Puerto Rico. Si sinn e britescht Iwwerséigebitt.
16 vun de méi wéi 60 Inselen a Riffer si bewunnt.
[änneren] Geographie
Zum Gebitt vun de Britesche Joffereninsele gehéieren d'Inselen Anegada, Beef Island, Cooper Island, Ginger Island, Jost Van Dyke, Norman Island, Peter Island, Salt Island, Tortola, Virgin Gorda a doriwwer eraus och nach aner kleng Inselen ëm de Sir-Francis-Drake-Kanal.
D'Insel Anegada besteet aus Korallen a Kalleksteen an ass relativ flaach, déi aner Insele si vun vulkanescher Origine, mat Bierger an Hiwwelen. Den héchste Punkt vun den Inselen ass de Mount Sage mat 521 m op Tortola.
D' Klima ass tropesch a fiicht, d'Temperature ginn duerch de Wand ofgeschwächt. Hurrikaner an tropesch Stierem gëtt et vu Juli bis Oktober. Déi natierlech Reservë vun Drénkwaasser si begrenzt, mat der Ausnam vun etleche Flëss, déi am Summer ausdréchnen, a vu Quellen op Tortola. De gréissten Deel vun der Waasserversuergung vun den Insele kënnt aus Buren an de Reewaasser-Gebidder.
[änneren] Bevëlkerung
Déi Britesch Joffereninselen hunn ca. 21.700 Awunner. D' Majoritéit vun den Awunner ass vun afrikanescher Ofstamung.
| Commons: British Virgin Islands – Biller, Videoen oder Audiodateien |