British Astronomical Association

Vu Wikipedia

D'British Astronomical Association, ofgekierzt BAA, ass den nationalen Haaptverband vun den Amateurastronomen a Groussbritannien.

D'British Astronomical Association gouf am Joer 1890 zu London vun Amateur- a Beruffsastronome gegrënnt, fir allen un der Astronomie interesséierte Persounen, onofhängeg vu gesellschaftlechem Rang a Geschlecht, eng Basis ze bidden. Vun Ufank un hunn d'Fraen, déi eréischt vun 1915 un, an d'Royal Astronomical Society opgeholl konnte ginn, eng féierend Roll gespillt. Sou fungéiert d'Annie S.D. Maunder (1868-1947), d'Fra vum Matgrënner Edward Walter Maunder (1851-1928), jorelaang als Editeur vum Journal of the BAA. Hiert ass d'Ënnerstëtzung vun astronomeschen Observatiounen a Gebidder, déi net vu professionellen Observatoiren ofgedeckt kënne ginn. D'BAA organiséiert och Observatiounskampagne bei besonnesche Geleeënheete wéi Sonnen- a Mounddäischterten oder Venustransiten.

D'Membere kréien d'Memberszäitschrëft Journal of the BAA deen all zwéi Méint erauskënnt, en Observatiounsleetfuedem, e Joerhandbuch (mat Diagrammen an astronomeschen Evenementer) souwéi Zougank zu Konferenzen an zu der Bicher- an Ausrëschtungssammlung vum Verband.

De Verband ass a verschiddene Sektiounen organiséiert, déi sech op ënnerschiddlech Aspekter vun der Astronomie spezialiséiert hunn. Hien ass gläichzäiteg Ënnerstëtzer a Grënner vun der Campaign for Dark Skies, déi sech géint d'Liichtverschmotzung wiert, déi ëmmer méi grouss gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]