Bro'Sis

Vu Wikipedia
Bro'Sis
Bro'Sis 2004 zu Hamburg
Genre: Popmusek, R&B
Land: Däitschland
Grënnung: 2001
Trennung: 2006
Memberen
Gesank: Ross Antony
Gesank: Hila Bronstein
Gesank: Shaham Joyce
Gesank: Giovanni Zarrella
Gesank: Faiz Mangat
Gesank: Indira Weis (2001-03)

Bro'Sis (Kuerzform vu Brothers and Sisters) war eng däitsch R&B- a Popgrupp déi ursprénglech aus sechs Sängerinnen a Sänger bestanen huet. D'Band ass 2001 aus der Castingshow Popstars ervirgaangen, déi um Tëlevisiounssender RTL2 gewise gouf. Bro'Sis huet iwwer 750.000 Albumen an iwwer 1.500.000 Single verkaaft. Hir éischt Single I Believe huet op déi éischt Plaz an den Charts an Däitschland, Éisträich an der Schwäiz gepackt. Nodeem d'Verena Weils schonn 2003 ausgetruede war, hu sech déi aner fënnef Memberen 2006 och getrennt a probéiert, eleng viru Musek ze maachen.