Brooch

Vu Wikipedia

Brooch ass en Ausdrock, deen aus der Landwirtschaft kënnt, am Kontext vun der Buedemnotzung, an dee Felder bezeechent, déi eng Zäit net benotzt ginn. An der Zäit vun der Dräifelderwirtschaft war et dat Feld, dat e Joer roue gelooss gouf fir sech ze regeneréiren.

Spéider gouf den Ausdrock gebraucht fir onbenotzten Terrain ze bezeechnen. Dacks gëtt dofir och den Ausdrock Friche gebraucht. Wann op sou engem onbenotzten Terrain sech schonn erëm eng Vegetatioun breet gemaach huet, ass et eng Dréisch

Wa mer mat der däitscher Sprooch vergläichen, stelle mer fest datt déi d'Wuert Brache d'selwecht gebrauche wéi d'Lëtzebuerger.

Am Franséische gëtt en Ënnersched gemaach tëscht dem onbenotzte Land, dat Friche genannt gëtt, an deem Terrain, deen am landwirtschaftlechen Zyklus agebonnen ass, an dee Jachère heescht.

Dat ënnerscheet sech dann um Terrain doduerch, datt Friche een Terrain ka sinn, dee méi oder wéineger bewuess ass. Fir sou en Terrain fir Landwirtschaft notzbar ze maachen, muss e virdrun defrichéiert ginn. Dat ass een Ausdrock, deen och zu Lëtzebuerg an der Forstwirtschaft gebraucht gëtt, fir Terrainen déi verwuess sinn, an da musse gebotzt ginn, wann ee wëlles huet e Bësch drop ze séien oder ze planzen.

Déi landwirtschaftlech Brooch déi der franséischer Jachère entsprécht ass e plakegt Feld, op deem guer näischt wiisst, a wou och keng Béischten drop weede kënnen, an déi geduecht ass fir an engem bestëmmten Zyklus erëm benotzt ze ginn.

Nodeem d'Dräifelderwirtschaft, duerch de Gebrauch vun Düngemëttelen konnt opgi ginn, sinn d'Brooche sou aus dem Landschaftsbild verschwonnen.

Aktuell goufen d'Broochen erëm an Europa zanter 1992 am Kader vun der gemeinsamer europäescher Landwirtschaftspolitik, als ekonomesch Moossnam, fir d'Iwwerproduktioun vu bestëmmte Kulturen ze verhënneren.

D'Bauere mussen no där Direktiv eng gewësse Fläch vun hirem Land afréieren, also net benotzen, a si ginn dofir entschiedegt.

D'Europacommissairin Mariann Fischer Boel denkt awer drun, fir dës Direktiv vum obligatoresche Broochleien 2008 erëm opzehiewen.