Broutschéiss

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
En Uewen mat 2 Broutschéisse riets am Bild

Eng Broutschéiss (dt. Brotschieber, fr. planche à pain) ass en Handwierksgeschir dat vun de Bäckere benotzt gëtt fir d' Brout, Pizzaen an anert Gebäck an de Bakuewen eran ze "schéissen" an och nees eraus ze huelen. Si ass normalerweis aus Holz, mat enger flaacher Uewerfläch, mat engem laange Grëff, mee kann awer och aus engem Blech bestoen un deem en hëlzene Grëff ubruecht ass.

D'Broutschéiss erlaabt et dem Bäcker d'Bakwueren an den Uewen ze leeën, ouni datt en sech verbrennt, an ouni datt den Deeg sech verformt. Fir datt den Deeg net un der Broutschéiss hänke bleift, gëtt se mat Miel bestreet.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen