Brunhild

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Brunichild)
Der Brunhild hiert kläglecht Enn.

D'Brunhild(e) (och Brunichild(e)oder Brunehaut), gebuer géint 545/550 a gestuerwen 613, war eng merowengesch-fränkesch Kinnigin.

Si war d'Duechter vum Westgote-Kinnek Athanagild an der Goiswintha, an huet am Fréijoer 566 de Sigibert I. bestuet, dee Kinnek vum fränkeschen Osträich ("Austrien") war, an dee 575 ermuert gouf. En zweet Bestietnes ass se mam Merowech († 577), dem zweete Jong vum Kinnek Chilperich I., agaangen.

Nom Doud vun hirem Jong Childebert II., 596, gouf se Regentin fir hir Enkelen Theudebert II. an Theuderich II.. Déi Zwéin hu sech awer bekricht, den Theudebert ass 612 am Krich géint säi Brudder gestuerwen, an dee kuerz duerno och. Doropshin huet d'Brunichild hiren Urenkel Sigibert II. zum Kinnek deklaréiere gelooss, mä déi Adeleg aus der Bourgogne waren do dergéint. Si hunn de Chlothar II. vun Neustrien, de Jong vum Chilperich I. an der Fredegunde, an deemno den Neveu vun der Brunichild, komme gelooss an hien zum Kinnek ausgeruff.

Jorelaang gouf et Krich tëscht deenen eenzele Familljememberen, de Chlotar II. huet um Enn d'Iwwerhand kritt an d'Brunichild 613 a Véier deele gelooss.

Si gouf zu Autun an der Kierch St-Martin begruewen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brunhild – Biller, Videoen oder Audiodateien