Bruno Rossi

Vu Wikipedia
Bruno Rossi
Gebuer 13. Abrëll 1905
Venedeg
Gestuerwen 21. November 1993
Cambridge
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien, USA
Educatioun Universitéit vu Bologna
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, American Philosophical Society, American Astronomical Society, Accademia delle Scienze di Torino

De Bruno Benedetto Rossi, gebuer den 13. Abrëll 1905 zu Venedeg a gestuerwen den 21. November 1993 zu Cambridge am Massachusetts, war en italieeneschen Astrophysiker, Elementardeelchephysiker an Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Rossi huet op der Universitéit Bologna promovéiert a war vun 1928 un Assistent op der Universitéit Florenz. 1932 gouf hie Professer fir Experimentalphysik op der Universitéit Padua. Als Judd hat hien am Joer 1938 seng Professur verluer a goung iwwer Kopenhagen a Manchester an d'USA, wou hien 1939 Gaaschtwëssenschaftler op der University of Chicago war. 1942 gouf hien Associate Professor op der Cornell University. Wärend dem Zweete Weltkrich huet hien an der Radarentwécklung am Massachusetts Institute of Technology (MIT) Radiation Lab a spéider zu Los Alamos am Kärwaffeprogramm (hie war Co-Leeder vun der Grupp fir Detekterentwécklung) geschafft. 1946 gouf hie Professer um MIT, wou hien nees kosmesch Stralung ënnersicht an Enn vun den 1950er Joren e Pionéier vu Rakéitenexperimenter war, z. B. fir d'Miessung vum interplanetare Plasma an (als Beroder vun American Science and Engineering Inc.) huet hien déi éischt Röntgequell baussenzeg vum Sonnesystem (Scorpio X-1) entdeckt. 1965 gouf hien Institute Professor um MIT. 1970 ass hien do a Pensioun gaangen, an huet du vun 1974 bis 1980 op der Universität Palermo Course gehalen.

De Rossi krut 1987 de Wolf Prize fir Physik, 1983 d'National Medal of Science, 1963 d'Verdéngschtmedail vun der Republik Italien, 1971 den Antonio-Feltrinelli-Präis vun der Accademia Nazionale dei Lincei, 1976 de Rumford Prize vun der American Academy of Arts and Sciences an 1970 d'Goldmedail vun der italieenescher physikalescher Gesellschaft. Hie war Éierendokter vu Palermo, La Paz, Durham a Chicago an Éieremember vum Tata Institute of Fundamental Research (1971). De Rossi war Member vun der National Academy of Sciences.

De Röntgen-Satellit Rossi X-ray Timing Explorer vun der NASA ass no him genannt. D'American Astronomical Society vergëtt him zu Éieren de Bruno-Rossi-Präis an e Léierstull am MIT ass no him genannt.

Zu sengen Doktorande gehéiert de Kenneth Greisen.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Bruno Rossi war an den 1930er e Pionéier an der Fuerschung vun der Kosmescher Stralung a war ee vun den éischten, dee kosmesch Röntgenstralung mat Rakéitenexperimenter nogewisen hat.

1939 hat hien op der Universitéit Chicago als éischten den Zerfall vum Myon nogewisen an hat seng mëttel Liewensdauer op der Cornell University gemooss.

De Rossi hat och eng Rei elektronesch Techniken an der Experimentalphysik entwéckelt, z. B. 1930 d'Schaltkreesser fir d'Koinzidenzobservatioun, 1942 den "Time to Amplitude Converter" an 1943 zu Los Alamos mam Hans H. Staub d'"Fast Ionization Chamber".

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Aufsätz
Monographien
  • Moments in the Life of a Scientist („Momenti nella vita di uno scienziato“, 1987). Cambridge University Press, Cambridge 1990, ISBN 0-521-36439-6 (Autobiographie).
  • High energy particles. Prentice Hall, New York 1952.
  • Cosmic Rays. McGraw Hill, New York 1964.
  • Introduction to the Physics of Space. McGraw Hill, New York 1970 (zesumme mam Stanislaw Olbert).
  • Optics. Addison Wesley, Reading, Mass. 1957.
  • Alberto Bonetti (Hrsg.): Cosmic ray, particle and astroparticle physics. A conference in honour of Giuseppe Occhialini, Bruno Pontecorvo and Bruno Rossi; Florence, 11.-13. September 1995 (Atti dei convegni Lincei; Bd. 133). Accademia Nazionale dei Lincei, Rom 1997 (an englascher an italieenescher Sprooch).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie