Buedempyramid
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Buedempyramide si Sailen aus Buedem a Gestengs, déi tëscht 15 an 20 Meter héich kënne ginn, an op deenen hirer Spëtz een Deckstee läit, an de Buedem drënner, meeschtens Leem, virun Nätzt protegéiert, sou datt en haart bleift, an net sou staark ënner der Erosioun leit.
Déi bekannste Buedempyramiden an Europa sinn déi aus dem Pustertal zu Terenten an Am Ritten bei Bolzano.
Formatiounen, déi deene gläichen, awer vill méi grouss sinn, well se aus méi haardem Gestengs bestinn, fënnt een a Spuenien am Massiv vum Montserrat.
Galerie [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Buedempyramiden – Biller, Videoen oder Audiodateien |