Buerg Bollenduerf

Vu Wikipedia
d'Buerg Bollendorf

D'Buerg Bollenduerf (de: Bollendorf) ass eng Buerg an der Südäifel bei der Sauer zu Bollenduerf, Verbandsgemeng Irrel am Äifelkrees Béibreg-Prüm, Rheinland-Pfalz. Si steet op engem Fiels am Dall vun der Sauer, op de Fëllementer vun enger fréierer réimescher Befestegung. Se ass haut a Privatbesëtz a gëtt als Hotel benotzt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et ass net bekannt, wéini genee d'Buerg gebaut gouf. 716[1] gouf d'Abtei Iechternach hire Proprietär.

1619 huet den Abt Pierre Richardot de südwestlechen Eck vum Wunnhaus ëmbaue gelooss an eng Wendeltrap queesch duerch d'Stäck zéie gelooss. Vu 1739 u gouf d'Gebai vum Abt Grégoire Schouppe vergréissert an als Barockschlass ëmgebaut. Iwwer der Entrée steet d'Joreszuel 1776.

Anlag[änneren | Quelltext änneren]

D'Buerg Bollendorf mat Mauer a Rescht vum Tuerm

Vun der mëttelalterlecher Buerganlag si bis haut just nach d'Rankmauer a Mauerreschter vun engem ronnen Tuerm erhale bliwwen. Den Tuerm steet op engem Fiels an huet T-fërmeg Schéissschaarten. Vu méi spéit sinn e Buergsall, eng Buerghal an eng Ritterstuff erhalen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Chronik der Burg Bollendorf, Stand: 8. September 2008.