Buerg Buerschent
| Dësen Artikel iwwert eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Der Buerg Buerschent hir Originne ginn iwwërt d'Joer 1000 eraus, an deem op engem 150 m héije Fielsstupp, deen nëmme vun Nordwesten Zougank huet, eng stabil stenge Buerg opgeriicht gouf.
D'Buerg gouf aachtmol vergréissert a restauréiert, wat och déi verschidde Baustiler vun der Buerg erkläert. Déi baussenzeg Rankmauer ass zwëschen 1350 an 1384 gebaut ginn. Am Joer 1384 ass d'Stolzembuerger Haus an ëm 1477 d'Vierbuerg gebaut ginn.
1512 ass dee leschten Här vu Buerschent gestuerwen, ouni Kanner ze hunn. Seng Ierwen hu sech d'Buerg ënnertenee opgedeelt: d'vu Metternichs hu sech am ale Buergfrid an am Palas vun der Buerg ageriicht, d'Zant vu Merl am ënneschten Deel vun der ieweschter Buerg an déi vun Ahr am Stolzembuerger Haus. 1650 gouf d'Kapell vergréissert, a 1785 d'Stolzembuerger Haus komplett ëmgebaut. Zu där Zäit waren d'Kapell an de Palas schonns zum Deel an e Koup gefall.
1812 gouf d'Buerg mat de Lännereie versteet an ass an de Joerzéngten duerno lues a lues verfall. 1936 gouf d'Ruin als op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl an als Nationalmonument klasséiert.
Den 12. Abrëll 1972 huet de Lëtzebuerger Staat se kaaft. Zënterhier goufe vill Ausgruewungen a Renovatiounsaarbechte finanzéiert.
D'Ausgruewunge bei der Buerg hu réimesch, merowengesch, karoléngesch an ottonesch Spuren un der Dag bruecht.
Historesch Biller [änneren]
-
Zeechnung vum Frantz Clément an Nicolas Liez, 1834.
-
Zeechnung vum Nicolas Liez.
-
Foto vum Charles Bernhoeft, 1891.
Um Spaweck [änneren]
- Informatiounen, Fotoen a Pläng vun der Buerg Buerschent
- D'Buerg vu Buerschent op der Websäit vum Service des sites et monuments nationaux (fr)
| Commons: Buerg Buerschent – Biller, Videoen oder Audiodateien |