Buerg Esch-Sauer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pahyl Hrad.PNG Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Esch-Sauer
D'Buerg Esch-Sauer. Zeechnung vum Frantz Clément an Nicolas Liez.

D'Buerg vun Esch-Sauer ass haut nëmmen nach eng Ruin.

D'Haaptbuerg läit op engem grousse Fiels am Zentrum vum Duerf Esch-Sauer. Direkt nieft der Haaptbuerg, op engem méi héich geleeëne Fielsvirsprong steet e ronnen Tuerm. Zu der Haaptbuerg gehéiert e Buergfrid, eng Kapell an eng Kelleranlag, déi haut nach erhale sinn, resp. restauréiert goufen. De ronnen Tuerm um Plateau ass op der viischter Säit opgeschnidden.

Am Duerfzentrum steet nach en zweete ronnen Tuerm, mat ähnlechen Dimensiounen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 3. Juni 927 huet e gewësse Meginaud duerch en Tosch mat der Abtei Stavelot Esch-Sauer kritt an do en 8 x 8 m grousse Wunntuerm mat donieft e Wirtschaftsgebaier opriichte gelooss. Ënner deenen zwéi leschte Grofe vun Esch am Lach gouf d'Buerg méi grouss gemaach.

Am 15. Joerhonnert gouf ronderëm d'Duerf Esch eng Rankmauer mat zwéi Waachtierm gebaut. Vum 16. Joerhonnert un, bis an d'19. Joerhonnert, ass et mat de Buerg biergof gaangen. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert hu Leit aus dem Duerf d'Buerg - oder wat dovu rescht war - opkaf a sinn dra wunne gaangen. 1906 gouf d'Kapell vun der Buerg restauréiert.

Plang vun der Buerg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buerg Esch-Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien