Buerg Fiels
| Dësen Artikel iwwert eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|
D'Buerg Fiels, an der Fiels, huet hiren Urspronk am 11. Joerhonnert. Haut ass dës Buerg net méi ganz erhalen. Nëmmen e Brochdeel vun der ganzer Buerganlag konnt restauréiert ginn.
[änneren] Geschicht
An den Texter fënnt een d'Häre vun der Fiels eng éischte Kéier um Enn vum 12. Joerhonnert. Um Enn vum 16. Joerhonnert gouf d'Buerg iwwerfall an a Brand gesat, an ass zanterhir eng Ruin. Op e puer Plazen deelt e Gruef d'Buerg an zwee Deeler. De Lëtzebuerger Staat huet d'Buerg am Joer 1979 opkaf a mat de Renovéierungsaarbechten ugefaangen. Nach haut ginn hei archeologesch Ausgruewunge gemaach.
[änneren] Famillen
[änneren] D'Homburger
Den eelsten Deel vun der Kärbuerg ass d'Homburger Haus, dat ëm 1350 gebaut gouf. Dat léisst sech an Dokumenter nokucken, déi soen, datt déi zwou Schwëstere vum Johann II., d'Irmgard an d'Mathilde, d'Bridder Friederich a Conrad vun Homburg tëscht 1338 an 1345 bestuet hunn. Si sinn duerch déi Bestietnesser zu Matpropriétairë vun der Buerg ginn. D'Haus selwer huet waarscheinlech aus zwéi Stäck bestanen, fir all Koppel een.
[änneren] D'Chriechinger
D'Chriechinger Haus ass dat eenzegt Haus, dat komplett restauréiert gouf. Et gouf ëm 1385 gebaut. Et besteet aus dräi Stäck an engem Keller. D'Trapenhaus huet fënnef Stäck mat méi klenge Kummeren. Un der ëstlecher Säit ass en hëlzenen Ubau op der Héicht vum éischte Stack. Am grousse Sall um éischte Stack ass eng kleng Kapp an d'Nordsäit agelooss. Um Rez-de-Chaussée sinn d'Bäckerei an d'Kiche vun der Buerg gewiescht. Besonnesch interessant um Bakuewen ass, datt den Damp net direkt duerch de vertikale Kamäi verschwënnt: de Kamäi mécht op halwem Wee no baussen e Knécks a verleeft dann horizontal eraus. Genee iwwert dem horizontalen Deel vum Kamäin war de Schlofeck vum Haushär. An der Kichen ass ausserdeem e Pëtz vun zwee Meter Duerchmiesser. Iwwer dëse Pëtz gëtt et iwwregens eng Chriechinger Legend.
[änneren] Literatur
- Zimmer, John, 2010. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 3: Brandenburg, Dudelange, Koerich, Larochette, Septfontaines, Stolzemburg, Vianden. Editions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-919883-24-0 (c.f. Ss. 76-82)
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Buerg Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien |