Buerg Ouren

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bild 1. Ouren op der Ferrariskaart, 1777. Déi kräizfërmeg Buerganlag ass riets ënner der Nr. 83 z'erkennen.

D'Buerg Ouren ass eng Buergruin zu Ouren an der belscher Äifel an der Gemeng Buerg-Reiland an der Däitschsproocheger Gemeinschaft.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Buergruin läit op engem klenge Plateau matzen an der Uertschaft Ouren mat Zougank vun der Westsäit.

Beschreiwung vun der Anlag[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Buerg Ouren, déi um Ufank vum 19. Jh. nach stoung, mä net méi bewunnt war, an déi dunn an der Mëtt vum 19. Jh. versteet gouf, sinn haut just nach den Ënnerbau vun engem Ronntuerm (op der géier Ostsäit) a wéineg Mauerreschter erhalen, deelweis bis 2 m héich, mä ze wéineg, fir sech e Bild vun der ganzer Anlag maachen ze kënnen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ouren war der Sëtz vun einer Buergfräiheet, e Wunnquartier bannent de Mauere vun enger Buerganlag.

D'Buerg huet mat Sécherheet schonn am 12. Jh bestanen. D'Feudalschlass, vun deem praktesch näischt erhalen ass, gouf vun den Arméie vum Louis XIV. vu Frankräich zerstéiert.

Op Initiativ vum Tourissemveräi vun der Gemeng Buerg-Reiland goufen Enn der 1980er Joren Ausgruewungen op der Ourener Buerg mat der logistescher Ënnerstëtzung vum Déngscht „SOS Fouilles“ duerchgefouert. Deemools goufen eng Partie Iwwerreschter topographesch vermooss. Déi archeologesch Fondmaterialien, gréisstendeels Fauna a Keramik aus de 17. - 18. Jh., sinn am archeologeschen Déngscht zu Léck versuergt.

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kurt Fagnoul: Georg Hartmann und die Burgen zwischen Venn und Schneifel. In: Zwischen Venn und Schneifel. Band 3, 1967. S. 97-98.
  • Karl Leopold Kaufmann: Der Grenzkreis Malmedy 1815-1865. Röhrscheid, Bonn 1963.
  • Klaus-Dieter Klauser: ZVS-Rundwanderung durch Ouren. o.O., 2011. online (Nogekuckt: 06.11.2014).
  • Heribert Reiners: Die Kunstdenkmäler von Eupen-Malmedy. L. Schwann, Düsseldorf 1936.
  • Georg Strasser: Die Beziehungen der Familie von der Fels zur Stadt Trier von ca. 1300 bis 1450. In: Trierische Chronik. Neue Folge XI, 1914/15. S. 34–38.
  • Bernhard Willems: Die Herrschaft Ouren. In: Zwischen Venn und Schneifel. Band 1, 1965. S. 6–7.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]