Buerg Reiland
| Dësen Artikel iwwert eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Buerg Reiland, op Däitsch Burg Reuland[1], ass eng Buergruin an der belscher Äifel an der Uertschaft Burg, Sektioun Reuland an der Gemeng Buerg-Reiland an der Däitschsproocheger Gemeinschaft.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
D'Buergruin läit op engem niddrege Fielsplateau matzen an der Uertschaft Buerg-Reiland (Cf. Bild 1 & 4).
Beschreiwung vun der Anlag [änneren]
Déi haiteg Ruin ass just nach e klengen Iwwerrescht vun der fréierer Anlag (cf. Bild 2). Déi gewalteg Maueren, déi fréier de baussenzegen Buerghaff ëmschloss a bis erof an den Ulfdall goungen, si verschwonnen. Déi haiteg Apdikt am Duerf war dat fréiert Buerghaus. D'Ruinenanlag ass fräi zougänglech.
Geschicht [änneren]
Archeologesch Ënnersichungen hunn erginn, datt d'Buergplaz schonns am 10. Joerhonnert benotzt gouf, si gëtt am Joer 983 eng éischte Kéier ernimmt.[2] Do wou haut just nach d'Buergruin steet, haten d'Réimer schonns e Kastell ugeluecht. Déi eelst Fundamenter sinn aus dem 12. Joerhonnert, wéi d'Buerg dem Adelsgeschlecht „von Rulant“ als Residenz gedéngt huet. Aus dem 13. Jh. ass eng Rankmauer nogewisen, déi vun engem Gruef ëmgi war. Am nordwestlechen Eck stoung en Tuerm. Am 14. Jh. gouf d'Rankmauer nei ugeluecht an de Buergfrid opgeriicht (Cf. Bild 3).
1148 goufen d'Häre vu Reiland fir d'éischt schrëftlech ernimmt: „Filio di Walteri de Rulant“. 1313 ass dat Geschlecht vu Reiland ausgestuerwen. D'Buerg goung un d'Häre vu Blankenheim iwwer, déi se 1322 un de Jang de Blannen, Grof vu Lëtzebuerg a Kinnek vu Béimen, verkaaft hunn.
1384 huet de Wenzel I. vu Lëtzebuerg d'Buerg dem Emond vun Engelsdorf als Lehen ginn; hie gouf och Kämmer (Comptabel) vum Haus Lëtzebuerg, eng Fonctioun, déi an der Famill vun Engelsdorf weiderverierft gouf. 1444 koum d'Buerg an de Besëtz vun den Häre vu Pallandt, déi hallefronn Schéisstierm baue gelooss hunn. An der zweeter Hallschent vum 16. Jh. gouf d'Wieranlag an eng herrschaftlech Residenz ëmgewandelt.
1666 ass déi lescht Nokomme Ottilia von Pallandt-Reuland gestuerwen an 1736 dee leschten Ierwen. Duerno huet just nach e Verwalter an der Buerg gewunnt, bis se 1794 duerch franséisch Truppen zerstéiert gouf.
1830 gouf d'Anlag fir Baumaterial verkaaft a koum an de Besëtz vun der Famill Mayeres zu Reiland, déi se spéiderhin der Gemeng geschenkt huet.
De belsche Staat huet 1923 d'Buerganlag kaf, fir eng Loftofwierstellung doropper anzeriichten. D'Buerg selwer gouf 1980 ënner Denkmalschutz gestallt, gouf 1986 vum belsche Staat kaf an zënter 1988 schrëttweis restauréiert.
Illustratiounen [änneren]
Literatur [änneren]
- Krantz, Robert & Norbert Quintus, 1984. Das alte Luxemburg heute : ein kultureller Wegweiser von der Romanik zum Barock 800-1800 (Burgen, Schlösser, Kirchen, Friedhöfe, Dörfer). [layout Sonja Muller ; couv. Marcel Schroeder]. 271 p. Luxembourg : RTL Édition. [Burg-Reuland: S. 52]
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Burg Reuland – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Buerg Reiland op dickemauern.de
Referenzen an Notten [änneren]
Buerg Reiland | Buerg Ouren | Buerg Doosber | Buerg Stolzebuerg | Buerg Falkesteen | Buerg Veianen | Schlass Ruet op der Our