Buerg Simmer

Vu Wikipedia
Buerg Simmer
Land Lëtzebuerg
Gemeng Simmer,
Habscht
Plaz Simmer
Koordinaten 49°42'1,56"N, 5°57'48,69"O
Statut Klasséiert Monument
Proprietär Privatpersoun
d'Buerg vu Simmer (Südsäit)

D'Buerg vu Simmer ass eng mëttelalterlech Buerg zu Simmer. Si ass a Privatbesëtz[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et ass net gewosst wéini déi éischt Buerg zu Simmer gebaut gouf. 1192 ass vun engem gewëssen Tider rieds, deen Här vu Simmer war. 1233 huet de Jean vu Simmer d'Buerg ënner de Schutz vun der Gräfin Ermesinde vu Lëtzebuerg gestallt. Uganks vum 14. Joerhonnert war den Thomas vu Simmer, e Frënd a Begleeder vum Keeser Heinrich VII., Buerghär. Am Joer 1600 huet de Christoph vu Criechingen bei der nërdlecher Entrée e grousse Renaissancetuerm baue gelooss[2]. 1779 koum et zu engem grousse Feier an der Buerg, dat sou vill Schued gemaach huet, datt d'Buerg duerno ëmmer méi zerfall ass. 1919 gouf d'Buerg zum Deel ofgebrach, mä 1920 hunn d'Proprietären ugefaangen, se ze restauréieren. Dobäi gouf awer net ëmmer Wäert op d'historesch Architektur geluecht[1].

Den 2. Dezember 1937 gouf d'Buerg vu Simmer als nationaalt Monument klasséiert[3].

D'Buerg vu Simmer stoung am September 2021 fir e Präis vun 3,5 Milliounen Euro zum Verkaf. Op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Fred Keup äntwert d'Kulturministesch Sam Tanson, datt de Staat net drun interesséiert wier fir d'Buerg ze kafen[4][5].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buerg Simmer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Château de Septfontaines", Fortresses, Châteaux, Manoirs. Gekuckt 2013-04-17.
  2. "Septfontaines", Tal der 7 Schlösser. Gekuckt 2013-04-17.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  4. Fred Keup, Question urgente n° 4925 - Château de Septfontaines. www.chd.lu (01.09.2021). Gekuckt de(n) 28.09.2021.
  5. Genee wéi beim Biertrenger Schlass: Regierung net u Kaf vu Buerg zu Simmer interesséiert. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-09-28.