Buerg Stolzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pahyl Hrad.PNG Dësen Artikel iwwert eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bild 1. Dat sougenannte Schlass
Bild 2. Stolzebuerg op der Ferrariskaart, 1777.

D'Buerg Stolzebuerg sëtzt op engem Hiwwel iwwer dem Zentrum vu Stolzebuerg a gouf 1454 eng éischt Kéier duerch de Gouverneur Antoine Croy zerstéiert. Se gouf nees opgebaut, mä ass 1679 de Belagerungstruppe vum Louis XIV. zum Affer gefall.

1898 gouf direkt donieft e Landhaus bäigebaut, dat haut a Privatbesëtz ass a vun den Awunner Schlass genannt gëtt.

Zanter dem Joer 2000 ass d'Schlass d'Kuliss vun der Stolzebuerger Planzebourse, déi all Joer den 3. Weekend am September stattfënnt.

De 26. Oktober 2001 gouf d'Buerg op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument klasséiert.

Zanter 2007 sinn Ausgruewungen am Gaang, fir d'Fëllementer vun der fréierer Buerg komplett fräizeleeën.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kartheiser, Nico, 1973. Die Stolzemburg. Revue N° 49: 51-53.
  • Kugener, Léon, 2001. Burg Stolzemburg : Versuch eines geschichtlichen Überblicks über die Entstehung und die Geschicke der Burg Stolzemburg im Wandel der Jahrhunderte. Deel 1. De Stolzebuerger Pannewippchen Nr. 7: 10-23, Stolzemburg.
  • Kugener, Léon, 2003. Burg Stolzemburg : Versuch eines geschichtlichen Überblicks über die Entstehung und die Geschicke der Burg Stolzemburg im Wandel der Jahrhunderte. Deel 2. De Stolzebuerger Pannewippchen Nr. 8: 23-26, Stolzemburg.
  • Milmeister, Jean, 1977. Die stolzen Burgherren von Stolzemburg. [Fotoe vum Lé Siebenaler]. Luxemburger Marienkalender Jg. 96: 40-45.
  • Milmeister, Jean, 2002. Die Herrschaft Stolzemburg. Ous der Veiner Geschicht / Veiner Geschichtsfrënn. Nr. 20: 73-96. Vianden.
  • Zimmer, John, 2010. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 3: Brandenburg, Dudelange, Koerich, Larochette, Septfontaines, Stolzemburg, Vianden. Editions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-919883-24-0 (cf. Ss. 88-95)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]