Buergbrennen
Buergbrennen ass e Brauch zu Lëtzebuerg an am däitsche Grenzgebitt, an op verschiddene Plazen a Frankräich, deen dora besteet, fir de Sonndeg no der Fuesent (also den 1. Faaschtsonndeg, och nach Buergsonndeg genannt) e grousst Feier ze maachen, dat symbolesch d'Verbrenne vum Wanter duerstellt.
Brauch [änneren]
Gewéinlech sinn et lokal Veräiner, déi sech ëm d'Organisatioun vum Buergsonndeg këmmeren an Holz vun de Leit an eventuell och Betriber aus hirer Gemeng (resp. dem Quartier) sammele fir domat d'Buerg ze bauen. Dat Holz gëtt dann zu engem Kräiz zesummegebonn a mat Stréi oder anerem brennbare Material ëmwéckelt, an dann, meeschtens op engem Hiwwel, opgeriicht. Deelweis ginn och Fakelzich zesummegestallt, déi da géint der Owend d'Buerg ufänken. A verschidden Uertschaften ass et Traditioun, datt d'Buerg vun där Koppel ugefaange gëtt, déi fir d'Lescht bestuet gouf, oder vu jonke Koppelen, déi sech dat Joer bestueden. Vun de Veräiner ginn dann och Buden opgeriicht, wou een Iessen a Gedrénks (z. B. Zopp, Grill- a Mettwurscht, Glühwäin) kafe kann.
An der Zäit hunn d'Baueren a Wënzer vum Buergbrenne profitéiert fir d'Wieder am Virsummer virauszesoen: "Wéi den Damp op Buergsonndeg geet, esou geet en de ganze Virsummer".
En ähnleche Brauch gëtt et am schwäbesch-alemannesche Raum ënnert dem Numm Funkenfeuer. Op Franséisch heescht d'Buergbrennen: fête des brandons.
Etymologie [änneren]
Experten no huet d'Wuert "Buerg" näischt mat enger "Buerg" am haitege Sënn ze dinn, mä geet op dat laténgescht Verb "burere", also "brennen" zréck.[1] Sou geet een och dovun aus, datt d'Traditioun vum Buergbrennen op d'Neijoersfester am antike Roum zréckgeet, wou d'Joer mam 1. Mäerz ugaang ass. Mee och schonn eis Virfaren, déi virun de Réimer hei gelieft hunn, hunn de Brauch vum Buergbrennen och nach als Ofschloss vum Wanter gefeiert géint Enn Februar Ufank Mäerz. Aneren Interpretatioune no hunn eis Virfaren d'Buergbrenne gefeiert fir d'Gëtter ëm e gudde Karschnatz ze bieden, a Verbindung mat Déierenaffer.
- Buergbrennen uechter d'Land
-
Opbau vun der Buerg zu Biwels (1. Mäerz 2009)
-
Buergbrennen um Zens (2006)
-
Opbau vun der Buerg zu Schëndels (1. Mäerz 2009)
-
Opbau vun der Buerg zu Furen (1. Mäerz 2009)
-
Buergbrennen zu Jonglënster (2002)
Literatur [änneren]
- Hess, Joseph, 1929. Luxemburger Volkskunde. Verlag Paul Faber, Gréiwemaacher. [Cf. S. 253]
- Hess, Joseph, 1961. Burgbrennen im Luxemburger Lande. Eifeljahrbuch S. 13-16. Bonn.
- Milmeister, Jean, 1974. Dat ass de Brauch : Burgsonndeg. Luxemburger Wort Jg. 127 Nr. 49: 8.
- Nehrenhausen, Jeannot, 1990. Übers Burgbrennen. De Kropemann : Informatiounsblat vun der Gemeng Réiden, Réiden un der Attert, S. 37-45.
- Tockert, Joseph, 1910. Romanische Lehnwörter in der Luxemburger Mundart. Lëtzebuerg.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Buergbrennen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Reportage vun Net-Tv mat Biller vum Beggener Buergbrennen 2009
- Reportage vun Net-Tv mat Erklärungen zum Beggener Buergbrennen 2009
- Reportage op wort.lu mat Erklärungen zum Nideraanvener Buergbrennen 2012
Referenzen [änneren]
- ↑ An aler franséischer Sprooch bedeit « bûre » eng Hütt, en héije grousse Koup oder Véiereck vun Äscht, deen opgeriicht gouf fir verbrannt ze ginn. De « jour des brandons » heescht och nach « jour des bures ». Cf. Les Bulles, en Duerf a Wallounien, deem säin Numm vun der Traditioun vum Buergbrennen ofstaamt.