Buerhummer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Buerhummer mat enger Eenzelschlagsenergie vun 0-4,2 Joule

De Buerhummer ass en elektrescht Geschir, dat gebaut ass, fir a Steen an a Bëtong ze bueren.

Den "Hilti"[änneren | Quelltext änneren]

Beim Buerhummer koum et zu Lëtzebuerg zu engem Begrëffsmonopol. Vill Leit nennen all Buerhummer "en Hilti", wéi déi Liechtensteiner Firma.

De Funktiounsprinzip[änneren | Quelltext änneren]

D' Energie, déi d'Maschinn op de Buer gëtt ass onofhängeg vum Drock, deen op d'Maschinn wierkt. Et notzt also näischt, anescht wéi bei der Schlagbuermaschinn, méi fest a Richtung Buer ze drécken.

D'Gewiicht vun de Maschinne geet vun ongeféier 2 bis eng 12 Kilogramm.

Wann d'Dréiwierk ofgeschalt ass, léisst sech de Buerhummer mat engem Meessel als Schlaghummer benotzen.

De kugelgelagerte Schlagzylinder vum Buerhummer

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Buerhimmer sinn an de Minièren agesat ginn, wou se mat Pressloft gedriwwe goufen.
1932 huet d'Firma Bosch ugefaangen, déi éischt Buerhimmer a Serie ze bauen, dee sougenannte Boschhammer, deen déi Zäit schonn eng Sécherheetskupplung hat.