Buggi
E Buggi ass e klengen Zuchwagon, dee virun allem an de Minièren am Minett agesat gouf, fir déi eisenhalteg Minettssteng ze transportéieren. An de meeschte Fäll si se vun der Ofbauplaz bis op e Quai gefuer, wou d'Minette a gréisser Eisebunnswagonen ëmgefëllt gouf. Am Ufank si se vu Schaffpäerd, spéider awer vun Damplokomotiven oder, an de Minièrë selwer, vun Elektrolokomotive gezu ginn.
Net seelen hu se misse beim Tagebau e groussen Héichtenënnerscheed iwwerwannen. An deene Fäll si beluede Wagone mat sougenannte Bremsschäpp erofgelooss an eideler eropgezu ginn.
Beim Entluede gouf den eisene Bac iwwert en Hiewelsystem ëmgekippt. Buggie gesäit een haut nach a ville Minettsstied, wou se als Monumenter opgestallt goufen.
Buggien an anere Formen [änneren]
Do wou et noutwenneg war goufe Buggië benotzt déi zu zwou Säite konnte gekippt ginn. Well do d'Achs vum Kippsysteem net laanscht der Säit vum Chassis ubruecht war, mee an der Mëtt, haten déi den Nodeel datt se net vum selwe ganz eidel gelaf sinn.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Buggien – Biller, Videoen oder Audiodateien |