Buket Alakuş

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Buket Alakus)
Buket Alakuş
Gebuer 1. Juli 1971
Istanbul
Nationalitéit Tierkei, Däitschland
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur

D'Buket Alakuş, gebuer den 1. Juli 1971 zu Istanbul an der Tierkei, ass eng däitsch-tierkesch Regisseurin.

Si goung mat 3-4 Joer mat hiren Elteren op Hamburg. 1995 huet si op der Hochschule für Bildende Künste Berlin hire Studium als Kommunikations-Ekonomistin ofgeschloss. Si huet dat selwecht Joer hiren éischte Kuerzfilm, Martin, gedréint a sech um Institut für Theater, Musiktheater und Film der Universität Hamburg ageschriwwen. Wärend deem Studium, dat se 1998 ofgeschloss huet, huet s'eng Rëtsch Kuerzfilmer realiséiert, déi bei diverse Festivalle Gielercher kruten.

2001 ass hiren éischte Laangfilm, Anam („Meng Mamm“) erauskomm, fir dee se d'Dréibuch geschriwwen a Regie gefouert huet.

2008 krut se fir Eine andere Liga (ZDF/Arte), zesumme mam Auteur Jan Berger an de Schauspiller Karoline Herfurth, Thierry van Werveke a Ken Duken den Adolf-Grimme-Preis.[1]

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Websäit vum Adolf-Grimme-Präis

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]