Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois ass eng wëssenschaftlech Zäitschrëft déi vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) erausbruecht gëtt.
Am Bulletin vun der SNL fënnt een haaptsächlech Fuerschungsaarbechten iwwer d'Natur (am wäite Sënn) zu Lëtzebuerg, mä och am Ausland.
Bis 2012 sinn 113 Bänn erauskomm. Si enthale 1800 Artikelen op am Ganze 16.367 Säiten. D'Texter sinn op Däitsch (56%), Franséisch (39%) oder Englesch (5%) geschriwwen.
De Bulletin vun der SNL ass déi eenzeg wëssenschaftlech Zäitschrëft, déi zu Lëtzebuerg regelméisseg erauskënnt.
De Redaktiounskomitee besteet aus: Claude Meisch, Paul Diederich, Laurent Schley a Christian Ries.
D'Serie dréit d'ISSN-Nummer 0304-9620.
Literatur [änneren]
- J.A. Massard & G. Geimer, 1990. Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 215-455.
Um Spaweck [änneren]
- All Artikelen zanter 1891 kënne vu www.snl.lu am PDF-Format erofgeluede ginn.
Kuckt och [änneren]
- Aner naturwëssenschatflech Zäitschrëften zu Lëtzebuerg:
- Archives des sciences naturelles, physiques et mathématiques (*1906)
- Bembecia (*2007)
- Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois (*1891)
- Ferrantia. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle. (*1980)
- Naturwaldreservate in Luxemburg (*2008)
- Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg (1874-1905)
- Regulus / Wissenschaftliche Berichte (*1951)