Bullis-Vulkan

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bullis-Vulkaner am Qobustan-Nationalpark, Aserbaidschan.

Ënner Bullis-Vulkan versteet een eng geologesch Formatioun aus Buedem a Sedimenter, déi duerch Exkretioune vu Flëssegkeeten a Gasen (meeschtens Methan) entstane sinn. Dobäi mëscht sech Waasser mat Buedem a gëtt duerch Gasen ausgestouss. Bullis-Vulkaner sinn op Subduktiounszonen ze fannen.

An Europa ginn et esou Vulkaner op der Taman-Hallefinsel a Russland an op der Kerch-Hallefinsel am Südoste vun der Ukrain. An Italien sinn se un der Nordfront vun den Apenninen an op Sizilien ze fannen, an a Rumänien bei Berca, no bei de Karpaten. E bësse méi wäit ewech fënnt en der am Qobustan-Nationalpark, an Aserbaidschan.

Och um Mieresfong ginn et eng jett esou Vulkaner duruechter.

Am Mee 2006 ass e Bullis-Vulkan op Java ausgebrach, aus deem och haut nach all Dag -zegdausende vu Kubikmeter Bulli auslafen, an am Gaang sinn, eng ganz Géigend zouzeschëdden.

Commons: Bullis-Vulkaner – Biller, Videoen oder Audiodateien