Bundeswehr

Vu Wikipedia
Dat Eisent Kräiz ass dat offiziellt Symbol vun der Bundeswehr

Bundeswehr ass déi offiziell Bezeechnung fir d'Sträitkräfte vun der Bundesrepublik Däitschland. D'Bundeswehr besteet aus Arméi (Heer), Loftwaff a Marinn. Dozou kommen nach den zentrale Sanitéitsdéngscht an déi sougenannt Streitkräftebasis, déi logistesch Ënnerstëtzung an iwwergräifend Aufgaben iwwerhëlt.

D'Bundeswehr gouf 1955 gegrënnt a war vun Ufank u Member vun der NATO. An der Zäit vum Kale Krich hat se bal eng hallef Millioun Zaldoten. Zanter 1956 besteet fir all däitsch Männer d'Wierflicht, déi awer 2011 ausgesat gouf. Dat heescht, se bleift am Gesetz bestoen, mä en obligatoreschen Déngscht gëtt et bis op Weideres net. Haut huet d'Bundeswehr nëmmen nach manner wéi 190.000 aktiv Zaldoten.[1]

Zanter den 1990er Jore war d'Bundeswehr bei enger Rëtsch vun internationalen Auslandsasätz derbäi, virun allem KFOR am Kosovo, ISAF an Afghanistan, UNIFIL virun der libaneesescher Küst an d'Operatioun Atalanta virun der somalescher Küst.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bundeswehr – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.bundeswehr.de/portal/a/bwde/streitkraefte/grundlagen/staerke/