Bunnelement
Sechs Bunnelementer (kuckt dozou Satellittebunnelement) leeën d'Bunn vun engem Himmelskierper, deen de Gesetzer vum Kepler am Schwéierfeld vun engem Himmelskierper (Zwéikierperproblem) follegt, eendeiteg fest.
Zwee Bunnelementer definéieren d'Form vun der Bunnellips, dräi Elementer bestëmmen d'Lag am Raum an een Element leet den Zäitbezuch fest.
D'Bunnelementer vu Satellite baséieren och op de 6 Bunnelementer vun enger Keplerbunn. Si enthalen normalerweis weider Parameter, fir Bunnstéierungen anzebezéien.
Inhaltsverzeechnes |
Elementer [änneren]
D'Beschreiwung vun der Bunnkurv-Gestalt erfuerdert zwéi Wäerter, déi d'Form an d'Gréisst festleeën:
- D'numeresch Exzentrizitéit ε.
- D'grouss Hallefachs a.
Doraus ofgeleet ginn:
- D'Hallefparameter p. Mat him ergëtt sech d'Parameterduerstellung vun der Keplerbunn: r(φ) = r(p,e).
- D'Periapsisdistanz rmin: Distanz vum Haaptscheet vum Brennpunkt.
- Den Exzentrizitéitswénkel Φ: Φ = arc sin(ε)
Lagelementer [änneren]
D'Lag am Raum relativ zu engem Referenzsystem gët duerch dräi Parameter bestëmmt:
- D'Inklinatioun i: Dat ass de Wénkel vum Orbitalplang zu der Referenzfläch.
- D'Argument vum Knuet (Knuetlängt) Ω: De Wénkel vum Koordinatennullpunkt vun der Referenzfläch zum opsteigende Knuet.
- D'Argument vum Periapsis ω: De Wénkel vum opsteigende Knuet zu Periapsis.
Zäitbezuch [änneren]
Den Zäitbezuch leet den Zäitnullpunkt fest:
- Epoch t vum Perihelduerchgank vum Kierper:
Abgeleete Gréisste
- Mëttel Bewegung n: mëttelst Wénkelvitesse vun der mëttleren Anomalie M
Donnéeë vu Bunnelementer [änneren]
D'Donnéeën als 6-Tupel (p, e, i, Ω, ω, T) bezeechent een als klassesch Bunnelementer[1]. Doniewent gëtt et och aner Méiglechkeeten, déi dem jeeweilege Fall ugepasst sinn, an da meeschtens kanonesch an engem Formalismus gereegelt sinn:
- (a, e, i, Ω, ω, T), eng besonnesch fir d'Koméiten an d'Planéite vum Sonnesystem gëeegent Method
- (a, e, i, Ω, ω, M), fir de Pluto an d'Asteroiden, wéi se den Astronomical Almanac gebraucht[2].
- (a, e, i, Ω, π, L) gëtt ongeféier d'Planéitentheorie VSOP 82 op indirektem Wee.
- (n, e, i, Ω, ω, M), d'System vum NASA/NORAD Two Line Elements Format fir kënschlech Äerdsatellitten
Iwwersiicht [änneren]
| Bunnelement | Nëtzlechkeet | ||||
|---|---|---|---|---|---|
| Bunnelement | Bezuch | Symbol | Dimensioun | Ellips | Parabel / Hyperbel |
| Exzentrizitéit | Form | e, ε | 1 | Jo | Jo |
| Exzentrizitéitswénkel | Form | Φ | 1 | Jo | Nee |
| Hallefparameter | Gréisst | p | Längt | Jo | Jo |
| Periapsis | Gréisst | q | Längt | Jo | Jo |
| Grouss Hallefachs | Gréisst | a, α | Längt | Jo | Nee |
| Inklinatioun | Lag | i | Wénkel | Jo | Jo |
| Argument vum Knuet | Lag | Ω | Wénkel | Jo | deelweis |
| Argument vun der Periapsis | Lag | ω | Wénkel | Jo | Jo |
| Mëttel Bewegung | Zäitverhalen | μ, n, V | 1 / Zäit | Jo | Jo |
| Wénkelvitesse | Zäit-Plazverhalen | Wénkel / Zäit | Jo | Jo | |
| Mëttel Anomalie | Bunnplaz | M | Wénkel | Jo | Nee |
| Mëttel Längt | Bunnplaz | λ, L | Wénkel | Jo | Nee |
| Radiusvektor | Bunnplaz | R | Längt | Jo | Jo |
| Ëmlafperiod | Zäitbezuch | P | Zäit | Jo | Nee |
| Periapsiszäit | Zäitbezuch | T, τ | Zäit | Jo | Jo |
Kuckt och [änneren]
- Ëmlafbunn – déi zoue Keplerbinn
Literatur [änneren]
- Andreas Guthmann: Einführung in die Himmelsmechanik und Ephemeridenrechnung. BI-Wiss.-Verl., Mannheim 1994, ISBN 3-411-17051-4
- Wolfgang Vollmann: Wandelgestirnörter. In: Hermann Mucke (Hrsg.): Moderne astronomische Phänomenologie. 20. Sternfreunde-Seminar, 1992/93. Zeiss Planetarium der Stadt Wien und Österreichischer Astronomischer Verein 1992, S. 55–102 (weblink, 3.Feb.2011)
- Jean Meeus: Astronomical Algorithms. Willmann-Bell, Richmond 1991, ISBN 0-943396-35-2