Bunnresonanz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

An der Himmelsmechanik läit eng Bunnresonanz (oder kuerz Resonanz) vir, wann zwéi oder méi Himmelskierper periodesch zréckkommen a gravitativ Aflëss ënnerleien. Ursaache vu Bunnresonanz sinn Ëmlafzäite vun de bedeelegten Himmelskierper, deenen hiert Verhältnes zueneen duerch niddreg natierlech Zuele beschriwwe kënne ginn, wéi beispillsweis mat 2:1 oder 3:2.

Auswierkunge vu Bunnresonanzen[änneren | Quelltext änneren]

Resonanze kënnen eng Wierkung op Himmelskierperbunnen hunn déi souwuel stéiert wéi stabiliséiert. Dat ass ofhängeg vun der geometrescher Konstellatioun vun de bedeelegte Himmelskierper. Bunnverännerungen duerch periodesch Stéierungen (kuckt Resonanz), déi ëmmer op derselwechter Bunnpositioun gemaach ginn, summéiere sech am Fall vun enger Resonanz déi net stabil ass oder stéiert, oder kompenséiere sech géigesäiteg am Fall vun enger stabiler Resonanz.

Resonanzen déi stéieren[änneren | Quelltext änneren]

Am Fall vu Resonanzen déi stéieren, féieren déi periodesch Stéierungen déi zréckkommen, iwwer laang Zäiträim zu dramateschen Ännerunge vun der Bunnform. Heefegst Resultat ass d'Uwuessen vun der Exzentrizitéit, bis den Himmelskierper op Kollisiounskurs mat engem aneren Objet ass oder bei engem noe Passage aus dem System erausgeschleidert gëtt.

Beispiller sou Resonanze sinn déi duerch d'Saturnmounde bedéngt Deelunge vun de Saturnréng am Kirkwood-Fräiraum an der Haaptasteroidenceinture. D'Haaptasteroidenceinture gëllt als déi wahrscheinlechst Gebuertsplaz vun äerdnoen Asteroiden.

Resonanzen déi stabiliséieren[änneren | Quelltext änneren]

Bei Resonanzen déi stabiliséiere verdeele sech d'Plaze vun de Bunnstéierunge regelméisseg op der Bunn vum gestéierten Objet, soudatt sech hir Wierkunge géigesäiteg ophiewen.

Beispiller fir Resonanzen déi stabiliséieren[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Zwergplanéit Pluto an etlech méi kleng Objeten an der Kuiperceinture, déi als Plutinos bezeechent ginn, stinn an enger 3:2-Resonanz mam Neptun, d. h. während dräi Neptunëmleef ëmronne si d'Sonn zweemol. Weider bausse si weider resonant Kuiperceintureobjeten, déi an 2:1-Resonanz zu der Neptunbunn stinn. Et existéieren och Objete mat anere Resonanzen, wéi zum Beispill mat 5:2 an 3:1.
  • Eng Sonnerform vun der Bunnresonanz mam Verhältnes 1:1 formen d'koorbital Objeten. Dat bekanntst Beispill dofir sinn déi sougenannt Trojaner. Si sinn op engem Lagrange-Punkt par Rapport zur Sonn an engem Planéit, meeschtens de Jupiter.
  • Vill kleng Asteroidegruppe baussenzeg vun der Haaptceinture tëscht Mars a Jupiter ginn duerch Resonanzen zu der Jupiterbunn stabiliséiert. Dorënner d'Hilda-Grupp bei 3:2 an d'Cybele-Grupp bei 7:4.
  • Déi extrasolar Planéite Gliese 876b a Gliese 876c sinn an enger 2:1-Resonanz.

Weider Type vu Resonanzen[änneren | Quelltext änneren]

Laplace-Resonanze vun den Ëmlaffrequenze vun den dräi banneschte Galileiesche Mounde

Säkular Resonanz[änneren | Quelltext änneren]

Eng säkular Resonanz läit vir, wann d'Bewegung vum Perihel oder déi vum Knuet vun zwéin oder méi Himmelskierper matenee synchroniséiert ass. D'Prezessiounsfrequenz vu méi klenge Kierper passt sech an dësem Fall där vum masseräiche Kierper dee stéiert un.

Kozai-Mechanismus[änneren | Quelltext änneren]

Beim Kozai-Mechanismus handelt et sech ëm eng periodesch a synchron Ännerung vun Exzentrizitéit a Bunnschréiegt vun engem Himmelskierper wéinst Resonanzeffeten.

Laplace-Resonanz[änneren | Quelltext änneren]

Bei enger Laplace-Resonanz stinn d'Ëmlafzäite vun dräi oder méi Himmelskierper an engem niddrege ganzzuelege Verhältnes zueneen. Deen zur Zäit eenzeg bekannte System ass dee vun de bannenzegen dräi galiléiesche Mounde vum Jupiter, Io, Europa a Ganymed. Hir Ëmlaffrequenze stinn an enger Resonanz vu 4:2:1 – véier Io-Ëmleef op zwéin Europa-Ëmleef an engem Ganymed-Ëmlaf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie