Bunnvitesse

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Bunnvitesse (och Ëmfangsvitesse oder Tangentialvitesse) ass an der Physik d'Vitesse, déi ee Punkt op enger Kreesbunn huet.

Am Géigesaz zu der Wénkelvitesse \omega, déi beschreift, a wéivill Zäit en Objet ee bestëmmte Kreessecteur, also ee Wénkel, ëmronnt, ass d'Bunnvitesse och ofhängeg vum Radius r vum Krees. Logesch erfollegt doraus, datt e Punkt op enger Scheif déi sech dréint um Rand méi eng grouss Bunnvitesse huet, ewéi ee Punkt deen no beim Mëttelpunkt ass, well e méi eng grouss Streck an derselwechter Zäit zréckleet. Einfach gesot, ass d'Bunnvitesse, d'Vitesse, déi e Kierper op der Kreesbunn fir e bestëmmte Wee an enger bestëmmter Zäit huet. D'Bunnvitesse gëtt mat dem Buschtaf v bezeechent:

v = \frac{s}{t}

Wann t d'Zäitdauer vun enger vollstänneger Ëmronnung vum Krees ass (t = T), sou gëllt:

s = 2r\pi (Kreesëmfang)

Doraus erfollegt:

v= \frac {s}{t} = \frac{2\pi r}{T} = \omega r

Beispill [änneren]

D'Bunnvitesse vun engem Punkt um Equator vun der Äerd:

Den Äerdëmfang ass ongeféier

40000 \, \mathrm{km}

Eng Plaz um Equator ëmleeft d'Äerdachs a ronn 24 h (genee: an 23 h 56 min - wéinst dem Ëmlaf ëm d'Sonn).

D'Bunnvitesse ass dann

v=\frac{40000 \, \mathrm{km}}{24 \, \mathrm{h}} \approx 1666\,\mathrm{km/h}

z. B.: Fir d'Stad München, déi bei ronn 48° nërdlech Breet läit, ass d'Vitesse \cos (48^\circ) = 0,67 mol sou grouss; dat heescht nëmme ronn 1100 km/h.

v = Bunnvitesse; t = Zäit; T = Dauer vun enger Ëmdréiung (Periodendauer); s = zeréckgeluechte Wee; ω = Wénkelvitesse