Bureau des Longitudes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Bureau des Longitudes ass e franséischt astronomescht Institut.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht an Aufgaben [änneren]
De Bureau des Longitudes gouf de 25. Juni 1795 gegrënnt. Déi néideg Aufgab war deemools, de Längegrad op Séi ze bestëmmen (Längeproblem).
D'Aufgabestellung huet sech am Laf vun de Joerhonnerte staark verännert. Haut ass de Bureau des Longitudes ee vun den astronomeschen Zentere fir Epheremiderechnung. An internationaler Aarbechtsdeelung kruten e puer Instituter besonnesch Aufgaben zougewisen. Instituter, déi Ephemeriderechnungen fir d'Astronomen aus aller Welt bedreiwen, si virun allem: de United States Naval Observatory (USNO), d'Astronomescht Recheninstitut (ARI) an de Bureau des Longitudes.
Perséinlechkeeten [änneren]
Bekannt Membere vum Bureau des Longitudes waren bzw. sinn:
- Charles Messier (1730–1817)
- Pierre Méchain (1744–1804)
- Jean-Baptiste Joseph Delambre (1749–1822)
- Claude-Louis Mathieu (1783–1875)
- François Arago (1786–1853)
- Augustin Louis Cauchy (1789–1857)
- Noël Marie Paymal Lerebours (1807–1873)
- Hervé Faye (1814–1902)
- Armand Hippolyte Louis Fizeau (1819–1896)
- Jean Bernard Léon Foucault (1819-1868)
- Henri Poincaré (1854–1912)
- Roger Cayrel (* 1925)