Burfelt
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Vue op Burfelt aus der Loft (1991). | |||||||
| An anere Sproochen: |
fr: Bourgfried de: Burgfrid |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Wolz | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Gilles Kintzelé | ||||||
| Koordinaten: | 49° 54' 00" N 05° 51' 26" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Burfelt, och alt Buergfrid, ass en Haff an der Gemeng Esch-Sauer.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Den Numm "Bourgfried" gouf eng éischte Kéier 1252 ernimmt. Den Numm soll entweder schonn op d'Mëttelalter zréckgoen, wou d'Meeschtere vun Esch-Sauer hire "Buergfridden" regelméisseg erneiert hunn, oder op d'Joer 1695, wou d'Schlass- a Buerghären aus der Ëmgéigend e Verdeedegungs- an Hëllefsbond géint friem Truppen, déi doruechter marodéiert hunn, ofgeschloss sollen hunn.
Den Haff ass aus dem 18. Joerhonnert. Wéi de Stauséi gebaut gouf, huet de Bauerebetrib opgehalen, well e groussen Deel vun de Lännereien iwwerschwemmt gouf. 1974 huet de Lëtzebuerger Staat den Haff opkaf an doranner e Verwaltungszentrum vun der Administration des Eaux et Forêts installéiert. 1978 koum eng 6 ha grouss Bamschoul bäi, an 1993 gouf e Bëschentdeckungszentrum ageriicht.
Buergfrid-Affär [änneren]
1969 war dës ofgeleeë Plaz (deemools "Buurgfried" oder "Bourgfried" geschriwwen) Mëttel- an Ausgangspunkt vun der sougenannter Buergfrid-Affär, déi jorelaang héich Welle geschloen huet, an déi der Ministesch Madeleine Frieden-Kinnen hiert Amt kascht huet.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buergfrid-Affär ![]()
Kuckeswäertes [änneren]
Fir nozeliesen [änneren]
- Burfelt. Das Waldentdeckungszentrum. Hg.: Forstamt Wiltz, 2000.(Dépliant).
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Burfelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |