Burgundesch Nidderlanden
Ënner Burgundeschen Nidderlanden (fr.: Pays-Bas bourguignons) gëtt grosso Modo d'Gebitt vun den haitege Benelux-Staate genannt zu der Zäit vun der Herrschaft vun der Bourgogne a vum Ufank vun där vun den Habsburger.
Haus Bourgogne [änneren]
Am 14. Joerhonnert huet d'Haus Bourgogne, Deel vum Haus Valois, ugefaangen, d'Provënzen an den Nidderlanden duerch Bestietnes a Kontrakter ënner senger Féierung ze vereenen: fir d'éischt 1384 duerch d'Bestietnes mat der Ierwin vun der Grofschaft Flandern, déi och d'Grofschaft Artois a Mechelen als Dott matbruecht huet; 1427 d'Grofschaft Namouer, 1428 Holland, Friesland, Zeeland an Hainaut, 1430 d'Herzogtum Brabant a Limburg, 1443 d'Herzogtum Lëtzebuerg.
De Philippe III. vun der Bourgogne, genannt de Gudden (1419-1467) huet probéiert, dësen 11 Provënzen eng eenheetlech Verfassung ze ginn. 1437 huet en déi éischt Generalstaaten ageruff, dat war eng Versammlung vun Delegéierte vun de Provënzassembléeën (Staaten), déi ëmmer méi dacks, um Schluss all Joer meeschtens zu Bréissel oder zu Mechelen zesummekoumen.
Den Haff war zu Bréissel. D'Herzogen hunn de Brabant selwer regéiert, an den anere Provënzen hate se Statthalter. Mee d'Beherrscher vun den Nidderlanden haten nach keen eegenen Titel, an déi 11 Territoire waren och nach laang keen Eeenheetsstaat - all Provënz huet déi aner als Ausland ugesinn a keng Beamte vun do bei sech zougelooss. No der stiermescher Regierung vum Karel de Kéngen (1467-77), deen de Besëtz ëm d'Herzogtum Geldern an d'Grofschaft Zutphen vergréissere konnt, sinn d'Nidderlanden duerch d'Bestietnes vu senger Ierwin Maria mam Maximilian vun Eisträich un d'Haus Habsburg gefall.
Haus Habsburg [änneren]
D'Provënzen hu vun deem Wiessel vum Herrscherhaus dovu profitéiert, méi Rechter ze kréien. Esou huet d'Maria z. B. mussen den hollännesche Staaten de "Grousse Privileg" zougestoen, an no hirem Doud (1482) sinn Onrouen an Holland ausgebrach, well de Maximilian als Momper vu sengem Jong Philippe I. vu Kastilien, genannt "de Schéinen", weiderregéiert huet. Och d'Bierger vu Bruges wollten dëser Momperschaft zu Gonschte vun de Staate vu Flandern lassginn an hunn esouguer 1488 de Maximilian gefaange geholl fir em dës Konzessioun ofzepressen. Mat Hëllef vum Herzog Albrecht vu Sachsen, dee 1491 zum Ierf-Statthalter vu Friesland ernannt gouf, gouf de Maximilian d'Onrouen do meeschter, an och den Artois konnt e géint de franséische Kinnek Louis XI. verdeedegen, dee probéiert hat, deen anzezéien. 1493 huet de Philippe selwer d'Regierung vun den Nidderlanden iwwerholl. 1499 huet sech Gelderland nees lassgerappt.
De Philippe ass fréi gestuerwen (1506), an esou huet seng Sëschter, d'Margarete duerch d'Momperschaft fir hire Jong Karel (de spéidere Karel V.), dee just 6 Joer hat, d'Regierung iwwerholl. Wéi dëse 1515 groussjäreg an domatter Herrscher gouf, blouf d'Margarete Statthalterin an den Nidderlanden. No hirem Doud, 1531, huet dem Karel seng Sëschter, d'Kinnigin Maria vun Ungarn, d'Statthalterschaft iwwerholl.
Karel V. [änneren]
Ënnert der Herrschaft vum Karel V. ass et den Nidderlande gutt ergaangen. Den Karel huet Overijssel an d'Utrechter Stiftslande kaf (1517) an huet och dem Albrecht sengem Jong Georg vu Sachsen seng Rechter op Friesland ofkaf. 1538 huet en och Groningen a Gelderland nees zrtéckkafe kënnen. Domat hat en déi Siwwenzéng Provënzen: Brabant, Limburg, Lëtzebuerg, Gelderland, Flandern, Artois, Hainaut, Holland, Zeeland, Namouer, Zütphen, Ost- a Westfriesland, Mechelen, Utrecht, Overyssel a Groningen ënner sengem Zepter vereenegt. D'Nidderländer hunn de Karel, deen zu Gent gebueren war, als Ee vun hinnen ugesinn. Si konnten iwwerall am Karel sengem Welträich ongehënnert handelen, an esou ass deemools e groussen Deel vum Welthandelsverkéier iwwe d'Nidderlanden, besonnesch den Hafe vun Antwerpen, ofgewéckelt ginn. Nieft dem Handel an Handwierk ass et och der Landwirtschaft a Fëscherei, de Kënschten an de Wëssenschafte gutt ergaang.
Och d'politesch Verschmëlzung vun de 17 Provënzen huet Fortschrëtter gemaach: Zu Mechelen gouf en Iewecht Geriicht, de sou genannte Grousse Conseil vu Mechelen an eng Chambre des comptes fir d'Nidderlanden ageriicht, an de Karel V. huet duerch den Traité vun Augsburg (1548) déi Siwwenzéng Provënzen an de Burgundesche Krees integréiert an se sou zu enger staatlecher Eenheet erhuewen, déi labber mam Hellege Réimesche Räich verbonne soll sinn an, no der Pragmatescher Sanktioun vu 1549, ëmmer vereent an vun engem Fürst beherrscht solle sinn.
Bei der Deelung vum Habsburgeschen Herrschaftsgebitt sinn d'Nidderlanden un déi spuenesch Linn gaangen; vun do u schwätzt ee vun de Spuenesche Nidderlanden.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Spuenesch Nidderlanden ![]()
| Commons: History of Burgundy – Biller, Videoen oder Audiodateien |