Burgundesche Krees

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kaart vum Hellege Réimesche Räich mat de Räichskreesser an de "kreesfräien" Territoiren.
Rout: de Burgundesche Krees.

De Burgundesche (Räichs)krees (fr: Cercle de Bourgogne, nl.: Burgondse Kreits oder Kring) ass ee vun den zéng Räichskreesser an déi d'Hellegt Réimescht Räich duerch de Keeser Maximilian I. 1500, resp. 1512 agedeelt gi war.

Den Territoire bestoung aus zwéin Deeler, déi däitlech ausernee louchen: am Süden d'Fräigrofschaft Bourgogne an am Norden déi sougenannt Burgundesch Nidderlanden. Den Norddeel huet sech gréisstendeels mam Territoire vun den haidege Beneluxstaate gedeckt. Ausname waren d'Prënzbistum Léck an d'Herzogtum Limburg, déi allebéid zum Nidderrhäin-Westfälesche Krees gezielt goufen.

Am 17. Joerhonnert gouf de Krees, wéi déi nërdlech Provënze vun den Nidderlanden sech vun den Habsburger onofhängeg gemaach hunn, an och duerch d'Expansioun vu Frankräich ënner dem Louis XIV., staark verklengert.

Memberen an Entwécklung vum Territoire[änneren | Quelltext änneren]

Ufank vum 16. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

1512 hunn dës Territoiren zum Burgundesche Krees gehéiert:

Burgundeschen Traité an Iwwergang u Spuenien[änneren | Quelltext änneren]

1548 koum et um Reichstag zu Augsburg zum Burgundeschen Traité, no deem de Krees zwar der ieweschter Herrschaft duerch d'Räich entzu gouf, mä d'Räich sech weiderhi verflicht huet, en ze schützen. Als Konterpartie sollt e méi Stieieren (sougenannte Reichsumlagen bezuelen. Ausserdeem goufe verschidden Territoiren, déi bis dohin zum Nidderrhäin-Westfälesche Krees gehéiert an an der Tëschenzäit an de Besëtz vun den Habsburger komm waren, dem Burgundesche Krees (als Deel vum Herzogtum Burgund) attribuéiert:

1556 huet de Keeser Karel V., deem d'Burgundesch Nidderlanden gehéiert hunn, ofgedankt, an decidéiert datt se u säi Jong Philipp II., an domat déi spuenesch Habsburgerlinn, fale sollten.

Onofhängegkeet vun den nërdlechen Nidderlanden[änneren | Quelltext änneren]

1567 koum et zum Opstand vun den nërdlechen nidderlännesche Provënze géint Spuenien, an 1568 zum Ufank vum Achtzegjärege Krich. U sengem Enn, 1648, sinn déi nërdleche Provënzen, déi sech ewell Republik vun de Siwe Vereenegten Nidderlanden genannt hunn, aus dem Krees an aus dem Räich ausgetrueden. Ausserdeem sinn och Nordflandern, Nordbrabant an Deeler vu Limburg an hire Besëtz iwwegaangen.

Verloschter u Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Duerch den Traité vun de Pyrenäen (1659) an d'Friddenstraitéë vun Oochen (1668) an Nimwegen (1678) goungen Artois an d'Fräigrofschaft, sou wéi (méi spéit) Franséisch Flandern genannten Deeler vu Flandern a vum Hainaut aus dem Krees an dem Räich eraus u Frankräich.

Mat den Utrechter a Rastatter Friddenstraitéën, 1713/14, goung de Rescht vun de Spueneschen Nidderlanden un Éisträich, an d'Gebitt gouf ewell Éisträichesch Nidderlanden genannt.

Enn vum 18. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Géint d'Enn vum Räich bestoung de Burgundesche Krees deemno just nach aus Mechelen, Lëtzebuerg, Geldern, Hainaut, Flandern, Tournai, Namouer a Brabant (mat Antwerpen a Limburg). Mam Fridde vu Campo Formio 1797 goungen dës Gebidder all u Frankräich.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Winfried Dotzauer: Die deutschen Reichskreise (1383-1806), Franz Steiner Verlag, Stuttgart, 1998, ISBN 3-515-07146-6, GoogleBooks
  • Gerhard Köbler: Historisches Lexikon der deutschen Länder. Die deutschen Territorien und reichsunmittelbaren Geschlechter vom Mittelalter bis zur Gegenwart. C.H. Beck, München 2007 (7. Auflage), S. XX; ISBN 978-3-406-54986-1