Butan
| Butan | |
|---|---|
| Systemateschen Numm (IUPAC) | Butan |
| Trivialen Numm | Butan |
| Chemesch Formel | C4H10 |
| Ausgesinn | duerchsiichtege Gas |
| Eegeschaften | |
| Dicht | 2,52 kg/m3 |
| Léislechkeet | 0,061 g/l bei 20 °C (am Waasser) |
| Molmass | 58,08 g/mol |
| Schmëlzpunkt | −138,3 °C |
| Kachpunkt | −0,5 °C |
| Thermodynamesch Daten | |
| Standard Formatiounsenthalpie
|
–125.6 KJ·mol−1 |
| Standardentropie
|
310.23 J·K−1·mol−1 |
| Verbrennungsenthalpie
|
–2877.5 KJ·mol−1 |
| Weideres | |
| Ähnlech Molekülen | Pentan Isobutan |
| Chemesch Famill | Alkanen |
Butan ass e kettefërmege Kuelewaasserstoff, deen zu den Alkanen gehéiert. E gehéiert och nach zu der Famill vun de Butanen. Déi besteet aus zwéin Isomeren, dem n-Butan an dem Isobutan.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Physikalesch Eegeschaften
Butan huet keng Faarf a kee Geroch. En ass ganz liicht ze verflëssegen wéinst sengem héije Kachpunkt. E gëtt dofir mat wéineg Drock ënnert flësseger Form a Gasfläschen transportéiert.
Butan léist sech schlecht am Waasser op. Dogéint as am Alkohol, Ether an am Chloroform gutt léislech.
[änneren] Chemesch Eegenschaften
Butan brennt un der Loft ouni vill Réckstänn. Mam Sauerstoff gemëscht ass en explosiv. Bei der Verbrennung entsteet Kuelendioxid a Waasser.
Mat den Halogenen Chlor a Brom forméiert de Butan Substitutiounsproduiten.
[änneren] Virkommen
Butan oder n-Butan kënnt am Äerdgas an am Pëtrol vir. Doniewent entsteet en an de Pëtrolsraffinerien a beim Cracking.
[änneren] Uwendung
Butan ass den Haaptbestanddeel vum Flësseggas. E gëtt an Drockfläsche gelagert an mam Isobutan gemëscht als Brennes genotzt. D’Campingsfläschen enthaalen 70-80% Butan an 20-30% Propan. Si gi nach mat Buten, Propen a Mercaptanen als Gerochsstoffer vermëscht. Gasfläsche mat Butan sollen op kille Plazen lageren a vu liichtentzündleche Materialien ewegbleiwen.
De kettefërmege Butan gëtt an der Chimie geholl fir Butadien a Buten hierzestellen. Ausserdem gëtt en an der Alkylatioun benotzt fir d’Oktanzuel vum Sprit ze erhéichen. Doriwwer eraus ass Butan och Killmëttel fir Frigoen. Am Géigesaz zu den FCKW ass e net ozonschiedlech. An en ass en Dreiwmëttel fir Spraydousen.
[änneren] Auswierkungen op d’Gesondheet
A groussen Dosen wierkt Butan narkotesch. Duerch Anotmen vum Butan kann een erstécken oder un engem plëtzlechen Doud stierwen.
[änneren] Literatur
- Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition
- Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul
