Buzz Aldrin
De Buzz Aldrin, gebuer als Edwin Eugene Aldrin jr. den 20. Januar 1930 zu Glen Ridge am New Jersey, ass en amerikaneschen Astronaut. Hien ass beim Geminiprogramm a beim Apolloprogramm matgeflunn a war den 2. Mënsch um Mound.
Moundlandung [änneren]
Véier Deeg nom Start vun der Apollo 11 de 16. Juli 1969, den 20. Juli um 20:17 UTC ass d'Landemodul "Eagle" op der Moundsurface am Mare Tranquillitatis ukomm. Den 21. Juli um 2:56 UTC ass den Neil Armstrong aus dem Landemodul erausgeklommen an huet als éischte Mënsch e Fouss op en aneren Himmelskierper gesat. Den Aldrin koum him 19 Minutten drop no.
Déi zwéin hunn en amerikanesche Fändel opgestallt, Moundgestengprouwe gesammelt a wëssenschaftlech Instrumenter opgeriicht. De ganzen Aussebordasaz gouf gefilmt an deelweis live iwwert Tëlee op d'Äerd iwwerdroen.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Buzz Aldrin – Biller, Videoen oder Audiodateien |