Byurakan-Observatoire

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Byurakan-Observatoire oder Astrophysikalescht Observatoire Bjurakan ass en Observatoire vun der Armenescher Akademie vun de Wëssenschafte. Hie steet um Bierghank Aragaz an Armenien op enger Héicht vu 1500 Meter.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

Den Observatoire gouf 1946 vum Viktor Ambartsumian gegrënnt a war ee vun den Zentre fir Astronomie vun der Sowjetunioun. Vun der Fuerschungsariichtung goufe besonnesch Stärekéip, d'Beweegungskéip entdeckt (1947), iwwer dausend Flackerstären, dosende Supernovaen, honnerten Herbig-Haro-Objeten an Niwwelen an honnerte Galaxien. Nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun huet den Observatoire seng Sponsore verluer. 1964 an 1971 goufen am Byurakan-Observatoire SETI-Konferenzen ofgehalen.[1]

Ariichtung [änneren]

Den Haaptteleskop vum Observatoires ass en Cassegrain-Spigelteleskop, mat engem Haaptspigelduerchmiesser vun 2,6 Meter. Doniewent gëtt et zwéi kleng Schmidt-Teleskope mat engem Duerchmiesser vun 1,0 Meter an 0,5 Meter.

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Byurakan SETI conferences (1964 and 1971) daviddarling.info; bao-history bao.am/history, abgerufen am 19. Juli 2010

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie