Istanbul

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Byzanz)
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Istanbul
Istanbul vum Bosporus aus gesinn
Basisdaten
Provënz: Istanbul
Geographesch Lag: 41° 00’ 36’’ N
      28° 57’ 37’’ O
Héicht: 40 m
Fläch: 1.538,77 km²
Awunner: 9.797.536 (2005)
Bevëlkerungsdicht: 6.367 Awunner/km²
Telefonvirwalen: 0212 (europäeschen Deel)
0216 (asiateschen Deel)
Autos-Kennzeechen: 34
Stadglidderung: 39 Bezierker
Offiziell Websäit: www.ibb.gov.tr
E-Mail-Adress: webmaster@ibb.gov.tr
Politik
Buergermeeschter Ekrem İmamoğlu
Lag vun Istanbul an der Tierkei

Istanbul (tierkesch İstanbul), dat aalt Konstantinopel, ass déi gréisst Stad an der Tierkei a gouf ënner dem Numm Byzantion gegrënnt. Déi eigentlech Stad huet 9.797.536 Awunner, an der ganzer Agglomeratioun liewen 11.588.545 Mënschen (Stand jeeweils op den 1. Januar 2005).

Si läit souwuel op der europäescher wéi och op der asiatescher Säit un den Uwänner vum Bosporus an ass dofir déi eenzeg Metropol, déi sech iwwer zwéi Kontinenter erstreckt. Mat hirer bal dräidausendjäreger Geschicht ass s'eng vun den eelste Stied, déi haut nach op der Welt bestinn. Istanbul ass de Kultur- a Wirtschaftszentrum vun der Tierkei. Traditiounsgeméiss ass Istanbul de Sëtz vum Patriarch vu Konstantinopel, deen als Chef vun der ganzer Orthodoxie unerkannt ass. D'Stad ass Sëtz vum Äerzbëschof vun der tierkesch-orthodoxer Reliounsgemeinschaft, vum armeeneschen Äerzbëschof a vum tierkeschen Oberrabbiner.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Staddeeler vun Istanbul.

D'Stad Istanbul ass an 39 Staddeeler agedeelt: 25 op europäeschem Buedem, a 14 op asiateschem Buedem. Deemno ass Istanbul déi eenzeg Stad vun der Welt, déi sech iwwer zwéi verschidde Kontinenter erstreckt.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Istanbul ass eng Universitéitsstad an huet a senge Mauere Bibliothéiken, eng Rei vu Muséeën an och auslännesch Kulturinstituten. D'Alstad vun Istanbul gouf 1985 op d'UNESCO-Lëscht vun de Weltkulturierwe gesat.

Istanbul war 2010, mat Essen a Pécs, Europäesch Kulturhaaptstad.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Déi weltberüümt Blo Moschee zu Istanbul
De Ciragan Palace um Bosporus (Lo: Kempinski Hôtel)
De Basar zu Istanbul
  • Blo Moschee
  • Moschee Hagia Sophia
  • Topcapi Palace
  • Grousse Basar

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Istanbul – Biller, Videoen oder Audiodateien