César-François Cassini de Thury

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
César François Cassini de Thury

Den César François Cassini de Thury, gebuer de 17. Juni 1714 zu Thury-sous-Clermont a gestuerwen de 4. September 1784 zu Paräis; och Cassini III. genannt war e franséische Geodet an Astronom.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie war de Jong vum Jacques Cassini a Kandskand vum Giovanni Domenico Cassini, woufir hien och als Cassini III. bezeechent gëtt. Den César assistéiert sengem Papp 1733 a 1734 bei der Vermiessung vun Nordfrankräich. Deemools gouf et eng ëmstridde Fro déi gekläert sollt ginn, nämlech ob d'Äerd op de Polen oder um Equator ofgeplatt ass.

D'Cassiniens hunn d'Usiicht vertrueden, datt de Polradius méi grouss wier wéi den Äerdradius, eng Meenung, déi vum Isaac Newton an anere Wëssenschaftler hefteg bestridde gouf. Déi Cassinesch Daten hunn zwar ausgesinn, wéi wann eng Ofplattung um Equator wier, mä wéinst den Ongenauegkeete vun den deemolege Miessunge konnt keng Theorie sou richteg bewise ginn.

An de Jore 1739 a 1740 huet hie weider, ganz genee Vermiessunge vum Land gemaach an huet seng Resultater am Joer 1744 publizéiert, a war dunn iwwerzeegt vun der Äerdofplattung op de Polen.

Déi Vermiessunge waren d'Grondlag fir déi éischt vollstänneg Kartograféierung vu Frankräich op 18 Blieder am Moossstaf 1:870.000 déi an de Jore 1746 a 1747 publizéiert goufen.

Aus militäresche Grënn ordonnéiert de Kinnek Louis XV. dem Cassini, Frankräich nach méi genee, am Moossstaf 1:86.400 ze kartograféieren. D'Dauer vun deem Projet gouf op 20 Joer festgeluecht, awer schonn no 6 Joer gouf déi staatlech Finanzéierung gestoppt, sou datt de Cassini nëmme mat private Mëttelen a mat Ënnerstëtzung vun de franséische Provënze weiderschaffe konnt.

Wéinst deene Schwieregkeeten huet sech d'Fäerdegstellung vun de Kaarte verlängert, sou datt hien net méi d'Enn vu sengem Liewenswierk gesinn huet. Säi Jong, den Dominique Cassini huet d'Carte de Cassini fäerdeg gemaach. 1761 gouf de Cassini zum Éieremember vun der Bayerescher Wëssenschaftsakademie ernannt. D'Akademie gouf dem Cassini 1761/1762 den Optrag fir eng Landvermiessung vu Bayern ze maachen.

Wéi säi Papp a säi Grousspapp war de Cassini III. Direkter vum Paräisser Observatoire. Der Astronomie konnt hien awer keng nei Impulse ginn.

1772 huet hien d'Observatioune vum Jean Chappe deen a Mexiko bei der astronomescher Missioun fir e Venusduerchgank z'observéiere, gestuerwe war, publizéiert.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • (de) Carto Cassini Zougrëff op (wahrscheinlech) sämtlech Cassini-Kaarten !

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Voyage en Californie, pour l'observation du passage de Vénus sur le disque du soleil, le 5 juin 1769, contenant les observations de ce phénomène, et la description historique de la route de l'auteur à travers du Mexique, Paris, 1772, in-4°.