Córdoba-Duerchmusterung

Vu Wikipedia

D'Córdoba-Duerchmusterung (CoD) ass eng visuell Duerchmusterung vu südleche Stären tëscht der -22 an -89 Deklinatioun. Si goufen an der Zäit vun 1892 bis 1914 am Observatoire vu Córdoba an Argentinien duerchgefouert. D'Córdoba-Duerchmusterung ëmfaasst d'Positiounen an d'Hellegkeete bis 10,0 mag vu ronn 578.000 Stären, an ass eng Erweiderung vun der Bonner Duerchmusterung op de Südhimmel.

Fir d'Duerchmusterung gouf de Schröder-Refrakter mat 16 cm Ëffnung an zirka 1,8 Meter Brennwäit gebraucht. Den Teleskop deen 1875 gebaut gouf, steet haut restauréiert a voll funktiounsfäeg am Observatoire Hoher List an enger eegener Kuppel a ass fräi fir Observatiounen.